FOTOEN50 Joer AdABL, d‘Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Et war den 21. Abrëll 1968, wéi d’Arbitteren ënner der Presidence vum René Federspiel sech als Associatioun zesummegedoen hunn.

Nëmmen zesummen haten si deen néidege Poids, fir hir Interessen an hir Fuerderungen duerchzesetzen.

Dat war néideg, well et engersäits e chronesche Mangel un Arbittere gouf. Esou konnt een 1965 just op 13 Arbitteren zréckgräifen. An d’Clibb hunn net matgezunn, fir nei Kandidaten ze rekrutéieren.

Den Ufank war eng Gratwanderung, wéi de President vum Organisatiounscomité Marcel Arendt a senger Ried betount huet. Engersäits e skepteschen FLBB-Comité, deen net begeeschtert war iwwer dës nei Associatioun. Anerersäits d’Arbitteren, déi ongedëlleg drop gewaart hunn, datt sech géif esou Munches änneren.

Eng éischt Epreuve fir d’AdABL gouf et an der Saison 1971/72, wéi si annoncéiert hunn, d’1/4 Finale vun der Coupe net ze päifen. Si wiere vu Gott an der Welt verlooss, si wieren d’Buhmänner bei de Spiller, den Traineren a Veräinsmemberen. A vum Comité Central kéim keen Appui.

Haut huet sech villes zum Gudde gedréint. Déi lescht Initiativ vun den Arbittere mam „Project 10“ kennt en onerwaarte Succès.

Déi detailléiert Geschicht vu 50 Joer AdABL, gekoppelt mat Texter an Evenementer, déi esou nach net public gemaach goufen, fannt Dir an engem Buch, dat am Mäerz 2019 erauskënnt.

Virbestelle kënnt Dir et mat engem Don vu 50.- op de Compte LU72 0099 7800 0072 2322 (CCRALULL) vun der AdABL.


 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.