BasketballBrian Carroll neie Cheftrainer bei der Arantia Fiels

Wéi de Basketveräin op sengem Internetsite matdeelt, iwwerhëlt den Amerikaner mat effet immédiat d'Geschécker vum Jérôme Hansen.

© Arantia Fiels
D'Arantia Fiels huet mam Brian Carroll en neie Cheftrainer  bei der Härenekipp. De Jérôme Hansen bleift der Ekipp als Co-Trainer erhale bleift. Wéi et heescht, hätt een dëse Schratt zesummen decidéiert. D'Fiels steet den Ament op der zweetleschter Plaz an der Tabell an trëtt e Samschdeg den Owend um 20.30 Auer auswäerts beim Leschten de Musel Pikes un.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.