VIDEO - BasketDiddeleng klappt d'Sparta an engem ganz enke Match

Ausserdeem wannen Etzella, Fiels an Esch. Bei den Dammen kënne sech Wolz, Esch, Steesel, Conter an Diddeleng duerchsetzen.

Basketball - de ganze Match (18.11.2018)
.
E Samschdeg den Owend gouf an der Total League souwuel bei den Hären wéi och bei den Dammen de 9. Spilldag gespillt.

Häre-Basket
Racing - Etzella 82:84

De Racing spillt weiderhin eng ganz staark Saison an hunn dem Tabelleféierer aus Ettelbréck an der éischter Halschent direkt mol d'Grenzen opgewisen. Am éischte Véierel ass et zwar zimlech enk zur Saach gaangen mee d'Heemekipp konnt trotzdeem mat 24:19 d'Iwwerhand behalen. Am zweete Véierel ass der Etzella net immens vill gelongen a konnte just 10 Punkte markéieren, de Racing dogéint der 18.
No der Paus ass et och sou weider gaangen an de Racing hat tëschenduerch e Virsprong vun 20 Punkten mee dunn huet d'Etzella reagéiert an hunn eng fulminant Ophueljuegd op den Terrain gezaubert sou dass e richtege Krimi entstanen ass. An de leschte Sekonnen huet d'Etzella beim Stand vu 82:82 nach eng kéier de Kuerf getraff a gewannen no engem ganz staarke Comeback mat 84:82. Ganz batter ass dës Néierlag am Géigesaz fir de Racing.

Etzella wënnt a leschter Sekonn mat 84:82 géint de Racing (18.11.2018)
An de leschte Sekonnen huet d'Etzella beim Stand vu 82:82 nach eng kéier de Kuerf getraff a gewannen no engem ganz staarke Comeback mat 84:82.


Fiels - Walfer 104:100

D'Fiels hat en immens gudden Départ erwëscht an hunn e ganz staarken 1. Véierel gespillt. Elleng an dësem hunn se 39 Punkten geschoss. Mee och Walfer war gutt ënnerwee a konnt am zweete Véierel de Réckstand nees gréisstendeels ophuelen sou dat et mat engem 58:56 an d'Paus gaangen ass.
Och no der Paus ass et genau sou spektakulär weider gaangen an de Match ass bis zum Schluss enk bliwwen. D'Fiels konnt awer meeschtens e klengen Avantage, halen d'Féierung bis zum Schluss a gewannen mat 104:100. Ganz groussen Undeel un dëser Victoire haten déi 2 Amerikaner Daeshon Francis (38 Punkten) an Desmond Williams (37 Punkten) déi zesummen 75 Punkte geschoss hunn.

Fiels - Walfer 104:100 (18.11.2018)
Ganz groussen Undeel un dëser Victoire haten déi 2 Amerikaner Daeshon Francis (38 Punkten) an Desmond Williams (37 Punkten).

Steesel - Musel Pikes 91:77

E bësse méi enk war et an der Paus tëscht Steesel an de Musel-Pikes wëll d'Amicale krut sech ni sou richteg ofgesat an haten an der Paus nëmmen e Virsprong vu 6 Punkten (48:42).
Am leschte Véierel konnt Steesel schlussendlech alles kloer maachen a gewënnt mat 91:77. Iwwerzeegen konnt de Bob Melcher mat 26 Punkten a 7 Assists.

Basket Esch - Kordall Steelers 94:58

Nodeems de Basket am 1. Véierel nach seng Problemer mat de Kordall Steelers hat, ass et am 2. Véierel awer ganz anescht gelaf an d'Steelers konnte nëmme 6 Punkte markéieren an déi Escher 27. Sou ass et dann mat engem 46:32-Avantage an d'Paus gaangen.
An der zweeter Halschent ass bei de Kordall Steelers awer net méi vill gaangen a koumen ënnert d'Rieder. Beschte Spiller war de Clancy Mac Rugg mat 25 Punkten, 12 Rebounds a 4 Assists.

T71 Diddeleng - Sparta Bartreng 93:90

Den éischte Véierel war immens serréiert an d'Sparte si mat engem Avantage vun 23:22 an den 2. Véierel gestart. Dësen Avantage sollt awer schnell fort sinn wëll déi Diddelenger hunn den Tempo ugezunn an entscheeden den 2. Saz mat 33:23 fir sech.
Den 3. Véierel war wéi den 1. ganz enk an Diddeleng konnt seng Avance behalen. Am leschte Véierel huet d'Sparta awer nach eng kéier alles eragehäit an hunn de Match nees immens spannend gemaach. Den T71 huet d'Féierung nach sou just iwwert d'Zäit bruecht a gewënnt mat 93:90.

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Damme-Basket

Wolz - Walfer 73:62


Wolz hat Walfer praktesch de ganze Match iwwer am Grëff a war schonn mat engem 39:27 an d'Paus gaangen. Just am leschte Véierel haten se et méi roueg ugoe gelooss a Walfer konnt de Réckstand nach eng kéier verklengeren mee dëst sollt awer net méi duergoen.

Steesel - Musel Pikes 78:60

46:33 stoung et an der Paus an domadder war et fir d'Musel-Pikes scho bal gelaf. An den 2 Véierelen no der Paus huet Steesel dës Victoire ganz routinéiert op en Enn gespillt. Mat 19 Punkten an 11 Assists huet Erica Morrow e groussen Deel zu dëser Victoire bäigedroen.

Konter - Etzella 85:66

Net vill Problemer hat Konter mat der Etzella an hat sech schonn an der éischter Halschent e komfortable Virsprong erausgespillt. Et waren haaptsächlech déi 2 Amerikanerinnen Laura Howard (25 Punkten) a Kiara Kudron (23 Punkten) déi fir dës Victoire gesuergt hunn.

Basket Esch - Gréngewald 93:71

Net vill anescht war et fir de Basket Esch déi de ganze Match dominéiert hunn a souverän mat 93:71 gewanne konnten. Bescht Spillerin um Terrain war d'Stacey Barr mat 29 Punkten, 9 Rebounds a 5 Assists.

T71 Diddeleng - Sparta Bartreng 77:57


Nodeems et no den éischten 2 Véierelen nach no enger zimlech enker Partie ausgesinn huet, si Bartreng 3. Véierel just ganzer 3 Punkte gelongen an hunn sech domadder e Réckstand agefaangen deen se net méi konnten ophuelen.

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.