Basket: Auslousung vun der CoupeEtzella géint Basket Esch a Musel Pikes géint Sparta

E Sonndeg goufen zu Zolwer d'Véirelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg am Basket gezunn.

Den Tirage vun de Véirelsfinalle vun der Coupe bei den Damme a bei den Häre war virum Match tëscht der Zolwer a Bascharage.

Bei den Häre kréien d'Musel Pikes et mat der Sparta ze dinn, den Telstar Hesper muss géint Hiefenech untrieden, d'Amicale Steesel spillt géint Zolwer an d'Etzella muss géint Esch spillen. Gespillt gëtt de 5. a 6. Dezember.

Bei den Damme spillt Walfer géint Wolz, d'Amicale Steesel muss géint Konter erun, d'Musel Pikes kréien et mam Gréngewald ze dinn a Schieren muss géint d'Sparta untrieden. Gespillt gëtt den 12. an 13. Dezember.

Alleguerten d'Matcher am Iwwerbléck
Coupe Loterie Nationale

Musel-Pikes - Sparta Bartreng

Telstar Hesper - US Hiefenech

AS Zolwer (+10) - Amicale Steesel

Etzella Ettelbreck - Basket Esch

LaLux Ladies Cup

Résidence Walfer - Sanglier Woltz

Amicale Steesel - AB Contern

Musel-Pikes - Grengewald

BF Schieren (+10) - Sparta Bartreng

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.