Basket: Project 10Projet, fir nei Arbitteren ze fannen
Et ass keen dankbaren Job, ma ouni Arbitter kann och am Basket kee Match gespillt ginn.
Vun RTL
Basket: Project 10 - Projet, fir nei Arbitteren ze fannen (18.11.2018)
Et ass keen dankbaren Job, ma ouni Arbitter kann och am Basket kee Match gespillt ginn.
D'Basket-Federatioun huet dës Saison de Project 10 lancéiert, fir nees nei Arbitter ze kréien. D'Cathy Donckel ass mat 26 Joer schonn eng erfueren Onparteiesch a war direkt bereet, sech an dësem Projet ze engagéieren.
Am Project 10 geet et drëms, Fräiwëllegen d'Méiglechkeet ze ginn an den Arbitrage eran ze schnupperen ouni mussen direkt eng Formatioun ze maachen. Während 10 Matcher, haaptsächlech an der Jugend, ginn déi fräiwëlleg vun erfuerenen Arbitter, ewéi dem Cathy Donckel begleed a gecoacht mam Zil, hinnen de Spaass um Arbitrage ze vermëttelen, fir datt si sech spéider an eng Formatioun umellen, fir den Arbitterschäin ze maachen.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.