BasketD'Sparta Bartreng trennt sech vum Trainer Jason Price

Déi Bartrenger haten net dee gewënschte start an déi nei Saison erwëscht an hunn deemno decidéiert, fir sech vum Jason Price ze trennen.

© Maya Straus
Ewéi d'Lëtzebuerger Wort mellt, hätt ee schonns een neien Trainer fonnt. Deemno géing d'Sparta Bartreng de Kevin Magdowski als neien Trainer ënner Kontrakt huelen.

De Magdowski war bis virun zwou Wochen nach bei Phoenix Hagen ënner Kontrakt. De 40 Joer alen Trainer war awer och hei am Land schonns bei e puer Veräiner, dorënner Walfer, Munneref, Zolwer a Kordall.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.