Basket - Bilan vun der HironnD'Etzella gëtt der Favoritteroll gerecht

No der Hironn steet bei den Hären d'Ettelbrécker Etzella op Plaz 1. Nëmmen 1 Punkt hannendru kommen de Basket Esch an d'Amicale Steesel.

© Maya a Robert Straus / RTL.lu

Am nationalen Häre Basket ass d'Aller Ronn eriwwer. Eng Equipe, nämlech d'Etzella, ass eleng virop a gëtt der Favoritteroll gerecht.
Do hannendrun laueren awer genuch Ekippen.

Basket - De Bilan vun der Hironn: Reportage J.Kettenmeyer

D'Etzella huet vun den éischten 9 Matcher der 8 gewonnen an nëmmen 1 verluer. Déi eenzeg Néierlag gouf et géint den T71 Diddeleng.

Virun allem d'Aart a Weis huet gréisstendeels gestëmmt, ma fir déi Ettelbrécker zielt et virun allem um Enn vun der Saison wann et ëm d'Decisioun geet, sou de Philippe Gutenkauf. Et wéilt ee sou vill Matcher wéi méiglech gewannen, a géint Diddeleng géif een och nach eng Kéier spillen.

1 Punkt hannert der Etzella stinn den Ament de Basket Esch an d'Amicale Steesel. Béid Ekippe wäerten och an der Réckronn eng gutt Roll spillen an un deenen Ettelbrécker dru bleiwen.

D'Iwwerraschungsekipp aus den éischte 9 Matcher ass mat Sécherheet de Stater Racing mat enger Bilanz vun 6-3. Trotzdeem wier fir Louis Soragna a Co nach méi dra gewiescht. Et hätt een déi Bilanz am Virfeld mat Sécherheet direkt ënnerschriwwen, mä wisou sollt déi Bilanz net nach besser ginn?! Dat ass op alle Fall d'Zil.

Den T71 Diddeleng huet och Kontakt zu der Tabellespëtzt an ass souverän ënnerwee a Richtung Titelplayoff. An der Forge du Sud fält de Bilan gréisstendeels positiv aus, sou de Ben Hurt. Zu Ettelbréck hätt een e wichtege Match gewonnen, zu Steesel e knappe Match verluer, dat géif sech ausgläichen. Géint de Racing hätt ee kéinte gewannen, mä zum Schluss hätt een net gutt exekutéiert gehat. Alles an allem kéint een awer zefridde sinn.

Op der 6. Plaz a leschter Plaz fir den Titelplayoff, allerdéngs scho mat engem Ecart vun 3 Punkten op Diddeleng an de Racing, steet den Ament d'Sparta Bartreng.

Do hannendrun gëtt et dann richteg enk well direkt 4 Ekippe punktgläich sinn. D'Musel Pikes, d'Fiels, Walfer an Kordall Steelers hunn all just 2 Matcher gewonn a stinn bei 11 Punkten.

Resultater an Tabellen

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.