VIDEO: BasketDe Champion Steesel wënnt géint d'Kordall Steelers

Diddeleng klappt d'Musel Pikes mat 101:73, d'Sparta klappt de Racing mat 92 op 84.

E Samschdeg den Owend war et am Häre-Basket a bei den Damme den 10. Spilldag, deen um Programm stoung.

Häre-Basket
Diddeleng - Musel Pikes 101:73

Klickt op d'Foto, fir déi ganz Galerie vum Match T71 géint Muselpikes ze gesinn.© Ant Deister


D'Musel Pikes haten de Start an dës Partie bësse verschlof a sou konnten d'Haushäre vun Diddeleng sech fréi eng Avance erausspillen. No 4 gespillte Minutte waren d'Haushären scho mat 9 Punkten en Avance a nom éischte Véierel stoung et soumat och ewell 25:12 fir den T71.
Am zweete Véierel war et gréisstendeels dat selwechte Bild. D'Musel Pikes konnten dem Tempo vum T71 net ganz nogoen. Zur Halbzeit haten d'Musel Pikes ee Réckstand vu 19 Punkten, dëst beim Score vun 52:33 fir Diddeleng.
Déi Diddelenger hunn dat an der zweeter Halschent ganz souverän gemaach an hire Virsprong verwalt. Ugefouert vum Tom Schumacher a vum Miles Jackson-Cartwright konnt den T71 mat engem Virsprong vun 18 Punkten an de leschte Véierel goen, dëst beim Score vun 72:55.
Dës Féierung hu sech déi Diddelenger och net méi huele gelooss. Bei de Musel Pikes war d'Loft am lescht Véierel zimlech eraus, a sou wënnt den T71 um Enn däitlech mat 101:73 géint d'Musel Pikes.

Kordall Steelers - Steesel 83:87

An der Ufanksphas war et een ausgeglachent Duell, sou dass et no 6 Minutte 15:17 aus Sicht vun de Steelers stoung. An de leschte 4 Minutte vum éischte Véierel waren de Steelers allerdéngs nëmmen 2 Punkte gelongen, a sou konnte sech d'Gäscht bis zum Enn vum éischte Véierel mat 28:17 ofsetzen.
Duerno huet de Champion vu Steesel awer nogelooss, an d'Kordall Steelers hunn et fäerdeg bruecht, am zweete Véierel ganzer 33 Punkten ze schéissen a sou louche si zur Halbzeit souguer a Féierung, dëst beim Stand vu 50:42.
Am drëtte Véierel war et dem Champion vu Steesel erëm gelongen d'Partie spannend ze halen, a sou ass et mat 65:59 an de leschten an entscheedende Véierel gaangen.
An dësem leschte Véierel sollt et bis zum Schluss extrem spannend bleiwen, ma um Enn konnt sech de Champion vu Steesel mat 87:83 duerchsetzen. Dem Jeffrey Le Roy Early JR sinn heibäi ganzer 30 Punkte gelongen, genau wéi dem Antunio Bivins bei de Kordall Steelers.

Kordall Steelers - Amicale Steesel 83:87 (25.11.2018)
Et war ganz enk iwwert de ganze Match mee zum Schluss war et dann awer de Favorit dee sech konnt duerchsetzen.


Sparta - Racing 92:84

Klickt op d'Foto, fir déi ganz Galerie vum Match Sparta-Racing ze gesinn.© Maya a Robert Straus


D'Sparta vu Bartreng hat de besser Start an des Partie a sou konnte si och déi éischt 5 Minutten dominéiere, sou dass et 19:10 stoung. Bis zum Enn vum éischte Véierel war et dem Racing och net gelonge, de Réckstand ze verklengeren, sou dass et no 10 Minutten 26:18 stoung.
Am zweete Véierel huet d'Sparta et fäerdeg bruecht, hir Avance ëmmer weider auszebauen, sou dass et zu Halbzeit 47:32 fir d'Haushäre stoung.
Ugefouert vum Adrian Rashan Rodgers an dem Dean Gindt huet d'Sparta sech am drëtte Véierel weider konnten ofsetzen a sou huet et geschéngt, wéi wann de Match virum leschte Véierel schonn entscheet wier, dëst beim Score vun 72:49.
De Racing konnt de Réckstand am leschte Véierel nach eng Kéier verréngeren, ma 31 Sekonne viru Schluss stoung et 92:84 fir d'Sparta, wat och d'Schlussresultat sollt bleiwen.

Sparta - Racing 92:84 (25.11.2018)
E spannende Match kruten d'Spectateuren zu Bartreng ze gesinn.


LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Damme-Basket
Klickt op d'Foto, fir déi ganz Galerie vum Match Sparta-Konter ze gesinn.© Maya a Robert Straus


T71 Diddeleng - Musel Pikes 61:54

Diddeleng wënnt mat 61:54 géint d'Pikes (25.11.2018)
Et war en enke Match tëscht dem T71 an de Musel-Pikes mee schlussendlech behält den T71 d'Iwwerhand.


Sparta - Konter 53:67

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.