VIDEO: SteierverwaltungAmateuren aus Sportveräiner musse Revenuen uginn

Spiller an Traineren, déi niewelaanscht als Amateur am Sport aktiv sinn, hu sech an de leschten Deeg iwwert e Courrier vun der Steierverwaltung gewonnert.

Amateuren aus Sportveräiner musse Revenuen uginn (27.11.2018)
Spiller an Traineren, déi niewelaanscht als Amateur am Sport aktiv sinn, hu sech an de leschten Deeg iwwert e Courrier vun der Steierverwaltung gewonnert.

Si ginn opgeruff, all hir Nieweverdéngschter oppen ze leeën. Den Opruff huet eng Partie Leit iwwerrascht. Aus dem Finanzministère heescht et: et ass näischt Aussergewéinleches. Dat gehéiert zur normaler Aarbecht, betount och d'Steierverwaltung an déi gëtt ganz grëndlech gekuckt.

RTL läit esou e Bréif vir: wien als Amateur, als Trainer oder Spiller an engem Sportveräin matwierkt an dofir e Salaire, Primmen oder soss Avantagë bezitt, muss dat mellen.


Gi Profispiller direkt besteiert, esou sinn och Amateuren ugehalen, e Verdéngscht unzeginn. An dat am Kader vun enger Steiererklärung.

Bei de Federatioune a Veräiner vu Futtball a Basket gëtt verséchert: et huet een näischt ze verstoppen. Hei géing et drëms goen, datt den Eenzele seng Situatioun duerleet.

Verwonnerung ass am Sportmilieu dann awer ze spieren. E benevolle Jugendtrainer géif zum Beispill am Basket knapps e puer Honnert Euro de Mount kréien. Deemno géing een ënnert dem Seuil vu 5.000 Euro d'Joer leien, déi fir déi Steieren ufalen.

Fréier gouf dat net esou eescht geholl. "Melle muss een déi Suen op alle Fall, och wann de Verdéngscht duerno steierfräi ka sinn", rifft dogéint d’Administratioun vun de Contributions directes an Erënnerung.

Fait ass: D'Steierverwaltung wëll wëssen, wat fir Gelder am Sport zirkuléieren. A wäert deemno och rout Kaarte weisen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.