FOTOEN - BasketD'Etzella bleift un der Spëtzt

Déi Ettelbrécker hunn e Sonndeg fir de Kont vum 13. Spilldag kloer géint den Tabelleleschten, d'Kordall Steelers, mat 108:80 gewonnen.

Am Basket-Championnat stoung de Weekend den 13. Spilldag bei den Dammen an den Hären um Programm.

E Sonndeg hat d'Etzella wéi erwaart keng Problemer géint den Tabelleleschten d'Kordall Steelers. Déi Ettelbrécker hu sech kloer mat 108:80 behaapt an bleiwen un der Spëtzt vun der Tabell mat 25 Punkten.

No engem staarke leschte Véierel konnten d'Musel Pikes sech e Samschdeg den Owend nach mat 101:89 géint Walfer behaapten. Esch huet no engem richtege Krimi an der Schlussphas mat 78:76 géint Steesel gewonnen. Sou, datt béid Ekippe mat 23 Punkten elo an der Tabell punktgläich sinn.

Häre-Basket
Etzella - Kordall Steelers 108:80

FOTOGALERIE: Etzella-Kordall vum Robert Straus

D'Etzella huet sech direkt an den éischte Minutten eng confortabel Avance erausgesprongen a loung no 10 Minutte scho mat 33:17 a Féierung. Duerno hunn déi Ettelbrécker den Tempo e bëssen erausgeholl, sou datt deen zweete Véierel méi equilibréiert war, de Virsprong huet ee konstant gehalen an esou stoung et an der Paus 58:41 fir den Tabellenéischten. No der Paus huet d'Lokalekipp dunn den Tempo erëm eng Kéier e bëssen ugezunn, sou datt d'Avance op 27 Punkten an d'Luucht gaangen ass. An de leschten 10 Minutten huet een de Match du kontrolléiert op en Enn gespillt fir no 40 Minutte mat 108:80 ze gewannen.

Amicale Steesel - Basket Esch 76:78

E richtege Krimi gouf et tëscht der Amicale Steesel an dem Basket Esch. Um Enn haten d'Gäscht Gléck op hirer Säit an hu knapp mat 78:76 zu Steesel gewonnen. An der Tabell hunn elo béid Ekippe genee wéi de Leader Ettelbréck (eréischt e Sonndeg am Asaz) 23 Punkten um Konto.

D'Amicale Steesel huet sech géint de Basket Esch an den éischte Minutte ganz schwéier gedoen. Duerno huet een dunn awer d'Defense ëmgestallt an et ass ee méi aggressiv opgetrueden, sou datt een no den éischten 10 Minutten nëmme mat 12:17 géint déi Escher hanne loung. Am zweete Véierel konnt d'Amicale de Match dréinen an huet d'Féierung iwwerholl. An der Paus loung ee mat 38:36 vir.

An der zweeter Hallschent ass et weider enk bliwwen, ma Steesel ass a Féierung bliwwen an huet beim Tëschestand vun 57:51 e Virsprong vu 6 Punkten mat an déi lescht 10 Minutte geholl. Do ass et du richteg spannend ginn, well de Basket Esch ass hei nees erukomm. 1 Minutt a 16 Sekonne virum Enn stoung et du 74:74 gläich. Déi Escher hunn et du fäerdeg bruecht d'Partie nach eng Kéier ze dréinen, fir um Enn ganz knapp mat 78:76 ze gewannen. 

Amicale verléiert a leschter Sekonn géint Esch (16.12.2018)
Am Härebasket gouf et e Samschdeg den Owend e richtege Krimi tëscht dem Champion vu Steesel an dem Basket Esch.


Musel Pikes - Résidence Walfer 101:89

Basketball - de ganze Match (16.12.2018)
.


D'Résidence Walfer hat de kloer bessere Start op der Musel erwëscht. Virun allem d'Amerikaner hu staark getraff an esou stoung et séier 20:8. D'Musel Pikes sinn awer roueg bliwwen, hunn de Ball gutt dréine gelooss a sinn doduerch um Enn vum éischte Véierel op 1 Punkt erukomm an et stoung 23:24 aus der Siicht vun den Haushären. Am zweete Véierel ass et eng serréiert Partie bliwwen an et war ganz enk. Walfer ass mat engem 49:47 an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel ass den Tempo héich bliwwen, et ass hin an hier gaangen an et gouf vill séier Schëss. Walfer ass weiderhi knapp a Féierung bliwwen an huet e Virsprong vu 5 Punkte mat an déi lescht 10 Minutte geholl. Hei hunn déi Miseler et du fäerdeg bruecht, fir d'Partie ze dréinen. Walfer huet komplett de Fuedem verluer, sou datt d'Pikes um Enn mat 101:89 gewannen. 

Musel Pikes dréien am 4. Véierel nach d'Partie géint Walfer (16.12.2018)
Um Enn kënne sech d'Häre vun der Musel iwwer eng 101:89-Victoire géint d'Résidence freeën.


Arantia Fiels - Sparta Bartreng 105:97

No enger spannender éischter Hallschent an där d'Fiels knapp mat 48:46 a Féierung loung, hunn d'Haushären am drëtten a véierte Véierel gewisen, datt een um Samschdeg géint d'Sparta déi dach um Enn besser Ekipp war. No der Paus ass et der Fiels gegléckt sech mat 10 Punkten ofzesetzen an de leschten 10 Minutten huet een déi Bartrenger net méi erukomme gelooss, sou datt eng däitlech 105:97-Victoire erausgesprongen ass. 

Racing - T71 Diddeleng 93:67

Keng Chance huet e Samschdeg den Owend de Racing dem T71 Diddeleng gelooss. Déi Stater ware vun der éischter Sekonn u voll do an esou konnt ee sech an den éischten 10 Minutten scho mat 29:10 géint den T71 ofsetzen. Am zweete Véierel war et dunn een anert Bild. Déi Diddelenger sinn op eemol erwächt a konnten de Réckstand däitlech verkierzen, sou datt et an der Paus nëmmen nach 45:40 aus Siicht vum Racing stoung. Am drëtte Véierel war et dunn een enke Match tëscht béiden Ekippen, de Racing huet allerdéngs liicht besser getraff an huet e Virsprong vun 9 Punkten mat an déi lescht 10 Minutte matgeholl. Hei konnten d'Gäscht näischt méi entgéint entsetzen, sou datt de Racing um Enn mat 93:67 gewënnt. Duerch dës Victoire huet de Racing Diddeleng an der Tabell iwwerholl, béid Ekippen hunn 21 Punkten.

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Damme-Basket
Etzella - Gréngewald 62:71

Eng wichteg Victoire gouf et e Sonndeg fir d'Damme vum Gréngewald. Duerch eng 71:62-Victoire zu Ettelbréck behält een an der Tabell als 7. nämlech de Kontakt mat den Ekippe virdrun. Op den Tabelle-6. a 5., d'Etzella an de Basket Esch, ass et nëmmen nach 1 Punkt.

FOTOGALERIE: Etzella - Gréngewald

An der éischter Hallschent war de Gréngewald déi besser Ekipp. Hat ee sech an den éischten 10 Minutten nëmmen e Virsprong vun 3 Punkten erausgespillt, sou ass dëse bis d'Paus op 18 Punkte gewuess an et stoung 48:30 fir d'Gäscht. No der Paus waren d'Ettelbréckerinnen du wéineg besser a konnten de Réckstand verkierzen. Virun de leschten 10 Minutte stoung et nëmmen nach 58:46 fir de Gréngewald. D'Ekipp ronderëm d'Anne Simon huet um Enn de Virsprong awer geréiert, sou datt een um Enn mat 71:62 géint d'Etzella gewënnt. 

© Maya & Robert Straus


AB Contern - T71 Diddeleng 65:74


Am Spëtzematch konnt sech den T71 Diddeleng mat 74:65 zu Konter duerchsetzen an huet un der Spëtzt vun der Tabell elo 3 Punkten Avance op d'Amicale an der 4 op Konter. Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt e Samschdeg den Owend a ware vum Niveau hier ganz no beieneen. Nom éischte Véierel stoung et 12:12 gläich, duerno huet Konter liicht besser getraff an huet e Virsprong vu 4 Punkte mat an d'Paus geholl. An der zweeter Hallschent huet dunn den T71 Diddeleng d'Spill u sech gerappt a konnt de Réckstand an e Virsprong ëmwandelen, sou datt et 10 Minutte viru Schluss 52:48 fir d'Gäscht stoung. Am véierte Véierel huet de Leader d'Damme vu Konter net méi erukomme gelooss, sou datt ee sech um Enn iwwert eng 74:65-Victoire ka freeën. 

Amicale Steesel - Basket Esch 96:63

Keng Problemer hat d'Amicale géint de Basket Esch. Vun Ufank u war een déi besser Ekipp um Parquet an esou loung een an der Paus verdéngt mat 55:33 a Féierung. No der Paus hunn d'Steeseler Damme keen Zweiwel un enger souveräner Victoire opkomme gelooss. Si hu konzentréiert weider gespillt, fir den drëtte Véierel mat 23:13 fir sech ze decidéieren, an d'Partie um Enn mat 96:63 ze gewannen.  

Musel Pikes - Résidence Walfer 52:44

D'Musel Pikes hu sech géint Walfer schwéier gedoen an an der éischter Hallschent sinn op béide Säite kaum Kierf gefall, sou datt et 17:17 gläich stoung. Am drëtte Véierel konnt sech d'Lokalekipp a Virsprong vun zwee Punkten erausspillen an et stoung 33:31. Dësen konnt een an der Schlussphas nach e bëssen ausbauen, sou datt et eng 52:44-Victoire fir déi Miseler Damme gouf.

Wolz - Sparta 72:81

Um Wupp vun der Tabell huet d'Sparta duerch eng 81:72-Victoire zu Wolz elo nëmmen nach e Réckstand vun 1 Punkt op déi 8. Plaz an der Tabell. Wolz war an den éischten 10 Minutten déi liicht besser Ekipp a sou loung ee mat 23:18 a Féierung. Bis d'Paus huet d'Sparta de Réckstand op geholl an esou ass ee mat engem 41:41 an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel hunn d'Damme vu Wolz de Start komplett verschlof an d'Sparta konnt sech e Virsprong vun 12 Punkten erausspillen. An de leschten 10 Minutten huet ee sech dëse Virsprong net méi huele gelooss, sou datt déi Bartrengerinne mat 81:72 auswäerts gewannen. 

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.