Basket: Auslousung vun der CoupeSteesel géint Sparta an Etzella géint Hiefenech

E Méindeg war den Tirage vun den Halleffinallen am nationale Basket, dat esouwuel bei den Hären ewéi och bei den Dammen.

© Maya a Robert Straus
Bei den Häre muss d'Amicale Steesel géint d'Sparta Bartreng untrieden an d'Ettelbrécker Etzella kritt et mat Hiefenech aus der Nationale 2 ze dinn.

Och war den Tirage bei den Dammen an do kritt d'Sparta Bartreng et an der Ronn vun de leschte 4 mam Gréngewald ze dinn, déi iwwerraschend d'Musel Pikes eliminéiere konnten a Wolz muss géint d'Amicale Steesel untrieden.

D'Matcher ginn den 2. an 3. Februar 2019 gespillt.



Hei den Iwwerbléck:
Samedi 2 février 2019

LALUX Ladies Cup:

17.45 Auer Sparta Bartreng - Gréngewald Hueschtert

LOTERIE NATIONALE Coupe de Luxembourg:

20.15 Auer Sparta Bartreng - Amicale Steesel

Dimanche 3 février 2019

LALUX Ladies Cup:

15.00 Auer Les Sangliers Wolz - Amicale Steesel

LOTERIE NATONALE Coupe de Luxembourg:

17.30 Auer Etzella Ettelbréck - US Hiefenech (+10)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.