VIDEO: BasketD'Red Miners Kayldall sti virun engem Kollaps

Schonns 2 Mol hunn d'Red Miners Kayldall an der National 2 am Basket misse Forfait erklären.

D'Red Minors Kayldall sti virun engem Kollaps (19.12.2018)
Schonns 2 Mol hunn Red Minors Kayldall an der National 2 am Basket misse Forfait erklären.
Een vun deenen eelste Veräiner am Basket, d'Red Miners Kayldall, steet kuerz virum Zesummebriechen. Net nëmmen um sportleche Plang leeft et net gutt, och hannert de Kulisse vum Veräin rumouert et. D'Basketfederatioun huet sech mëttlerweil och scho mam Dossier befaasst.

Och e Grond fir de Chaos kéint sinn, dass ee bei Kayldall net weess wéi eng Persoun, wéi eng Charge am Veräin huet. De leschte President hätt eisen Informatiounen no den 29. Abrëll demissionéiert.

D'lescht Joer haten d'Red Miners 28.000 Euro Sponsorgelder. Wéi vill Suen dës Saison um Compte sinn, ass net bekannt, a virun allem wou d'Suen hi sinn. De Veräi krut e Bréif vun der Basketfederatioun, déi mëttlerweil och do Scholden hunn.

Eng Generalversammlung gouf et beim Kayldall nach net. Mir wollte beim Veräin selwer nofroe wéi Situatioun ass, mee do war seelen een op den Telefon ze kréien a wann, da wollt een näischt soen.

D'Lëtzebuerger Wort hat d'Problematik bei de Red Miners Kayldall e Mëttwoch och an der Zeitung opgegraff.