Um Freideg den OwendAm nationale Basket ass de 14. a leschte Spilldag fir dëst Joer

De Stater Racing spillt um 20.30 Auer doheem géint d’Fiels. Sollten déi Stater déi Partie wannen, sti si als 4. Ekipp fix am Titelgrupp.

Qualifizéiert si jo schonn d'Etzella, Esch a Steesel.

Och den T71 Diddeleng kann dat schonns haut perfekt maachen, allerdéngs brauche se dofir eng Victoire doheem géint Steesel, an et muss een op gläichzäiteg Néierlage vun der Fiels a Bartreng hoffen. Déi Bartrenger spillen doheem géint de Kordall.

Walfer géint Esch, an d’Etzella géint d’Musel Pikes.

Iwwersiicht vun de Matcher an Tabellen bei den Hären

Bei den Dammen ass et och de 14. Spilldag. Um 18.30 Auer trëfft och hei d’Etzella op d’Pikes. Um 18.45 Auer spille Walfer géint Esch, Bartreng géint Hueschtert an Diddeleng géint Steesel.

An um 19 Auer ass et nach de Match Contern géint Wolz.

Iwwersiicht vun de Matcher an Tabellen bei den Dammen

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.