Total League am BasketAmicale verléiert zu Diddeleng, Etzella klappt Musel Pikes

E Freideg den Owend war de 14. a leschte Spilldag vum Joer 2018 vun der Total League am Basket bei den Hären a bei den Dammen.

Bei den Häre wënnt den T71 Diddeleng iwwerraschend géint d'Amicale Steesel. De Basket Esch iwwerrennt Walfer, de Racing wënnt knapps géint d'Fiels. D'Sparta setzt sech géint de Kordall duerch an d'Etzella dréint de Match géint d'Pikes.

Bei den Damme ginn et kloer Victoirë fir Konter an de Gréngewald. Esch wënnt zu Walfer, d'Pikes klappen Ettelbréck an den T71 Diddeleng wënnt eng ganz spannend Partie géint d'Amicale Steesel.

Rebound (23.12.2018)
De Basket Magazin vun der Télé, mat Analyse vun de Matcher, Youth Corner, Portaiten a Reportagen


Hären
Sparta Bartreng - Kordall Steelers 79:70

Nodeems de Kordall ufanks d'Féierung iwwerholl hat, konnt d'Sparta awer nozéien. Dat awer net fir laang Zäit, well d'Kordall Steelers hunn de Ball gutt lafe gelooss a konnten als Ekipp iwwerzeegen an esou louch een nom 1. Véierel verdéngt mat 20:12 am Avantage. D'Steelers hunn och am zweete Véierel gudde Basket gespillt an et ass hinne gelongen, d'Sparta zeréckzehalen. Géint Enn vun der Hallschent ass der Sparta dunn ëmmer méi gelongen, esou dass et an der Paus dunn awer keng sou kloer Féierung war, et stoung 31:39 aus der Siicht vun den Haushären. D'Sparta ass motivéiert aus der Paus komm a si wollten hei nach net opginn an deementspriechend si si och opgetrueden. Am drëtte Véierel ware si och déi besser Ekipp an esou konnte si esouguer mat enger Avance vun 2 Punkten an de leschte Véierel goen. Hei war et ganz spannend, well d'Steelers sinn hei nees mat engem 5:0-Laf gestart an esou ware si elo nees a Féierung. Et blouf eng laang Zäit ganz spannend, ma an der Schlussphas war Bartreng einfach een Tick ze staark an esou wënnt d'Sparta schlussendlech mat 79:70 géint d'Kordall Steelers.

Résidence Walfer - Basket Esch 68:103

De Basket Esch huet e Freideg missen op Walfer reesen an do wollt ee sécherlech nees mat enger Victoire heemgoen. Dass dat de feste Plang vun den Escher war, huet ee vun Ufank u gemierkt, well si ware spill-bestëmmt. Aus enger gudder Defense eraus hu si hiert Offensivspill opgebaut an dat huet nawell gutt funktionéiert. Walfer krut kaum Zougrëff zum Match an Esch war immens dominant. Nom éischte véierel hate si schonns eng Avance vun 20 Punkten, wourunner de Rugg an den Hicks ee groussen Undeel haten. Walfer konnt am zweete Véierel besser mathalen, ma déi Escher hunn hire Géigner awer zu kengem Zäitpunkt erlaabt, fir de Réckstand groussaarteg ze verklengeren. Am Géigendeel si konnten hir Avance weider vergréisseren an an der Paus war d'Partie schonns praktesch entscheet. Esch huet och no der Paus den Toun uginn an ëmmer, wann ee gemengt huet, d'Residence wier elo besser am Match, dann hunn déi Escher nees den Tempo ugezunn. Um Enn ass et eng ganz kloer a verdéngten 103:68-Victoire fir de Basket Esch.

T71 Diddeleng - Amicale Steesel 96:82

Den amtéierende Champion ass net all ze gutt an dës Partie erakomm. Si hunn net gutt getraff an haten och direkt zwee Ballverloschter ze verzeechnen, esou dass d'Lokalekipp séier 10:2 vir war. An och dono ass der Amicale net all ze vill gelongen an Diddeleng konnt d'Avance weider vergréisseren, esou dass si nom éischte Véierel iwwerraschend kloer mat 26:14 a Féierung waren. Am zweete Véierel ass d'Amicale dunn awer méi staark ginn. Ënnert anerem hat de Bob Melcher ee relativ positiven Afloss op d'Spill vun der Amicale. De Lëtzebuerger war nämlech am zweete Véierel de beschte Spiller vun de Steeseler. Ma och den Jeffrey Le Roy Early ass elo wakereg ginn an huet Enn der éischter Hallschent direkt e puer Punkten hannertenee geschoss, esou dass d'Amicale richteg gutt ophuele konnt. An der Paus stoung et nëmmen nach 47:42 fir den T71. Déi Diddelenger sinn awer nees gutt aus der Paus komm a konnten zum Ufank vum drëtte véierel hir Avance nees liicht ausbauen. Dono koum nees eng Phas, wou déi Diddelenger defensiv ganz staark agéiert hunn. Steesel huet do ze vill Feeler gemaach an déi Diddelenger konnten hire Punktestand weider opwäerten, esou dass si virum leschte Véierel 17 Punkte Virsprong haten. Den T71 huet am leschte Véierel alles probéiert, fir d'Amicale net erukommen ze loossen an dat ass hinnen och gutt gelongen. Der Amicale feelt um Enn déi néideg Klass, fir esou ee Réckstand nach eemol ze dréinen an esou verléiert Steesel iwwerraschend mat 82:96 géint den T71 Diddeleng.

Etzella Ettelbréck - Musel Pikes 95:75

Zu Ettelbréck am Däich krut den Tabelleleader Etzella Besuch vun de Musel Pikes an an der Ufanksphas war et nawell relativ enk. Ma no an no hunn d'Musel Pikes ëmmer méi d'Kontroll iwwerholl, dat well d'Etzella vill schlecht Wërf geholl huet an dovu sinn der natierlech on eng gutt Partie net eragaangen. D'Pikes hu méi iwwerluecht gespillt an haten ee richteg staarke Laf, esou dass si nom éischte Véierel verdéngt mat 27:14 am Avantage waren. Am zweete Véierel ass d'Etzella elo awer nees méi staark ginn an de Philippe Gutenkauf an den Timothy Coleman ware virun allem dofir verantwortlech, dass d'Avance vun de Miseler geschmolt ass. An der Paus haten d'Musel Pikes just nach 6 Punkten Avance. An der zweeter Hallschent huet den Tabelleleader dunn awer eescht gemaach an no engem 11:2-Laf ware si op eemol 52:49 vir. D'Etzella hat elo Confiance an huet weider Gas ginn, virun allem den Timothy Coleman war an dëser Phas net ze stoppen. D'Musel Pikes waren iwwerfuerdert an hunn d'Etzella missen dovunzéie loossen. Virum leschte Véierel hat d'Etzella elo 15 Punkten Avance op d'Pikes. Am leschte Véierel huet d'Etzella dëse Virsprong dunn esouguer nach vergréissert a wënnt um Enn opgrond vun enger souveräner zweeter Hallschent mat 95:75 géint d'Musel Pikes.

Racing - Arantia Fiels 80:73

An der Stad am Tramsschapp ass d'Lokalekipp gutt an de Match komm. Si hunn d'Gäscht aus der Fiels fréi ënner Drock gesat. D'Ekipp aus der Fiels huet sech awer net beandrocke gelooss a konnt no engem 2:8-Réckstand séier ausgläichen, esou dass et 10:10 stoung. Uschléissend konnte si dunn esouguer a Féierung goen. De Racing huet e bësse geschockt gewierkt an den Opsteiger huet dat ausgenotzt, esou dass si nom 1. Véierel 5 Punkten Avance haten. Ugefouert vun hiren zwee Amerikaner konnt d'Fiels och am zweete Véierel vill Drock opbauen an hir Avance esouguer ausbauen. De Racing war elo deelweis richteg iwwerfuerdert an hinnen ass virun allem offensiv net vill agefall. An der Schlussphas vun der éischter Hallschent hat de Racing dunn nach eemol ee klenge Laf, esou dass ee verkierze konnt, ma nawell ass d'Fiels mat 8 Punkten Avance an d'Kabinne gaangen. D'Haushäre sinn no der Paus nees besser an d'Spill komm a si konnten duerch een 12:4-Laf ausgläichen. Kuerz dono huet de Racing dunn och nach d'Féierung iwwerholl. D'Fiels hat net vill entgéint ze setzen an esou goung den 3. Véierel mat 28:12 un de Racing. D'Fiels huet awer nach net opginn an huet am leschte Véierel nach eemol alles ginn an d'Arantia konnt och nach eemol ophuelen. Do hunn d'Spiller vum Racing sech awer nach eemol gerappt kritt a si konnten nees dogéinthalen, esou dass si eng spannend Partie um Enn knapps mat 80 op 73 gewannen.

LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
Klickt op d'Foto, fir déi ganz Galerie vum Match Contern-Wolz ze gesinn© Maya a Robert Straus


AB Konter - Wolz 76:43 (24:12; 17:19; 20:10; 15:2)

D'Damme vu Konter haten de kloer bessere Start an dës Partie erwëscht. Si hu besser geschoss, hu méi fit gewierkt an hu besser als Ekipp agéiert. Esou war et wéineg verwonnerlech, dass si nom éischte Véierel schonns 12 Punkten Avance haten. Am zweete Véierel konnt d'Ekipp vu Wolz dunn awer besser mathalen an de Réckstand op d'Lokalekipp esouguer verkierzen, an der Paus louch een nëmme méi mat 31:41 hannen. No der Paus huet Konter awer nees opgedréint, si hu gutt Defense gespillt a kruten esou och ëmmer nees d'Chance, fir hir Avance ze vergréisseren an dat hu si och gemaach. Si konnten am drëtte véierel duebel esou vill Punkte markéieren ewéi Wolz an haten also virum 4. Véierel 20 Punkten Avance. Am leschte Véierel sollt et nach eemol méi batter gi fir d'Gäscht, well si hunn hei nëmmen 2 Punkte markéiert, Konter der 15 an esou wannen d'Damme vu Konter ganz kloer mat 76:43.

Sparta Bartreng - Gréngewald 62:84 (11:31; 18:23; 20:14; 13:16)

D'Damme vu Bartreng hate sech wuel e bessere Start erwaart, ewéi deen, dee si erwëscht hunn. Am éischte Véierel ass hinnen nämlech kaum eppes gelongen, e ganz groussen Deel vun hire Wërf sinn net eragaangen. Bei de Gäscht war dat e bëssen aneschters, si konnten duerch d'Anne Simon, d'Samantha Cooper an d'Alexandra Louin richteg gutt an de Match starten a louchen nom éischte Véierel schonns wierklech wäit vir, dat mat 31:11. Zu Bartreng hat een zum Ufank vum 2. Véierel Hoffnung, well d'Sparta konnt direkt zwee, dräi Kierf maachen an de Réckstand esou verkierzen. D'Freed war awer net vu laanger Dauer, well de Gréngewald huet dono nees d'Kontroll iwwerholl an de Score weider an d'Luucht geschrauft, esou dass d'Gäscht an der Paus 54:29 vir waren. An der zweeter Hallschent hu si dunn e bëssen Tempo erausgeholl. D'Sparta war elo besser am Match a konnt den drëtte Véierel och mat 20:14 fir sech entscheeden, ma nawell ass ee mat engem grousse Réckstand an de leschte Véierel gaangen. D'Dammen aus dem Gréngewald hunn näischt méi ubrenne gelooss an esou wanne si um Enn kloer mat 84:62. Beim Gréngewald konnten d'Anne Simon mat 24 Punkten, d'Alexandra Louin mat 22 an d'Samantha cooper mat 21 Punkte komplett iwwerzeegen.

Résidence Walfer - Basket Esch 60:74 (16:22; 16:18; 10:20; 18:14)

D'Damme vun Esch waren an der Ufanksphas vun der Partie déi liicht besser Ekipp a louchen nom éischte Véierel och mat 6 Punkten am Avantage. Wat wuel dee gréissten Ënnerscheed tëscht béiden Ekippe war an der Ufanksphas, dat waren d'Dräier, bei der Résidence wollten déi nämlech net esou richteg eragoen, bei den Escher Damme war een do schonns méi erfollegräich. D'Damme vun Esch hunn och am zweete Véierel besser geschoss a waren och vill méi staark, wat d'Rebounds ugaangen ass, ma d'Residence ass awer am Spill bliwwen, well d'Escher Damme ganz vill Ballverloschter ze verzeechnen haten, et waren der eleng 12 an der éischter Hallschent. Am drëtte Véierel huet de Basket Esch dunn awer fir eng Virentscheedung gesuergt. si konnte ganzer 10 Punkte méi markéieren ewéi d'Lokalekipp an esou hate si elo 18 Punkten Avance. Am Schlussvéierel war Walfer zwar déi besser Ekipp a si konnten och de Réckstand verkierzen, ma Esch sollt nawell als Gewënner vum Terrain goen.

T71 Diddeleng - Amicale Steesel 66:63 (12:17; 17:18; 18:13; 19:15)

Béid Ekippen hu sech am éischte Véierel immens schwéier gedoen. D'Offensiv ass bei kenger vu béide Formatiounen esou richteg un d'Rulle komm. Diddeleng a Steesel hunn allebéid am 1. Véierel just ëm déi 30% vun hire Wërf eragemaach, esou dass et virum 2. Véierel 12:17 aus der Siicht vun der Lokalekipp stoung. D'Damme vum T71 sinn dunn awer gutt an den 2. Véierel gestart a konnten no engem 10:4-Laf a Féierung goen. Dono ass Steesel awer nees méi staark ginn a si konnten d'Féierung nees iwwerhuelen an esouguer ausbauen, esou dass et an der Paus 35:29 stoung fir d'Amicale. Am drëtte Véierel war den T71 dunn awer méi staark a si konnte virun allem duerch eng gutt Offensiv ëm d'Jessica Lindström de Réckstand verkierzen, esou dass ee virum leschte véierel nëmmen nach ee Punkt Réckstand hat. Am leschte Véierel war een hin an hier, béid Ekippen hu sech eng richteg spannend Schlussphas geliwwert, wou den T71 Diddeleng dunn awer kuerz viru Schluss op 62:58 stelle konnt. D'Amicale war 4 Punkten also hannen an hat nëmmen nach 50 Sekonnen op der Auer. Duerch 2 Punkten an ee Fräiworf konnt een awer erëm bis op 1 Punkt erukommen. D'Damme vum T71 sinn duerch ee Lay-up vum Svenia Nurenberg awer nees 3 Punkte vir gewiescht. D'Esmeralda Skrijelj huet nees verkierzt, ma d'Catherine Mreches konnt nees op 3 Punkte stellen. An der Schlussphas huet dunn d'Liz Schmit den Dräier net erageschoss, esou dass d'Damme vun Diddeleng 66:63 gewannen.

Etzella Ettelbréck - Musel Pikes 68:82 (20:13; 13:27; 17:23; 18:19)

D'Damme vun Ettelbréck si besser an de Match komm a konnten offensiv virun allem op hir Treffsécherheet vertrauen. Si hu gutt als Ekipp harmonéiert a konnte sech esou nom éischte Véierel iwwer eng Avance vu 7 Punkte freeën. Am zweete Véierel hunn d'Musel Pikes dunn awer ee richteg gudde Start higeluecht a konnten duerch ee 16:4-Laf esouguer d'Féierung iwwerhuelen. D'Damme vun der Musel hunn elo och ëmmer besser geschoss a konnte virun allem vun der gudder Form vun hirer Amerikanerin Chambers profitéieren. Och dono waren d'Musel Pikes besser an esou konnte si hir Avance weider ausbauen. Géint Enn vun der 1. Hallschent, koum d'Etzella nach eemol e bëssen erun an awer sollten d'Musel Pikes an der Paus mat 40:33 am Avantage leien. Zu Ettelbréck am Däich gouf och an der 2. Hallschent weiderhin eng ganz staark Partie gespillt. Béid Formatioune haten nach ëmmer ëm déi 80%, wat hir Wërf ugeet, wat eng richteg gutt Quot ass. D'Damme vun der Musel hunn awer weiderhin d'Iwwerhand behalen. Mat enger Avance vun 13 Punkte si si an de Schlussvéierel gaangen. Hei war et nees immens enk an d'Pikes hunn der Etzella keng Chance gelooss, fir nach eemol erunzekommen, esou dass d'Damme vun der Musel um Enn mat 82:68 gewannen. Bei de Pikes konnt d'D'Asia Jonae Chambers mat 47 Punkte méi wéi iwwerzegen, mee déi ganz Ekipp war immens staark. D'Musel Pikes hunn nämlech 37 vun hiren 43 Wërf eragemaach, dat si ganzer 86%.

LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.