BasketSteesel wënnt däitlech géint de Racing a Bartreng klappt Walfer

E Samschdeg den Owend huet de Basket Esch an der Total League mat 81:73 géint d'Musel Pikes gewonnen. Diddeleng wënnt kloer géint de Kordall.

No der kuerzer Paus iwwer Chrëschtdag a Silvester gouf um Samschdeg nees d'Championnat am Basket lancéiert. Fir d'Dammen an d'Hären ass et de 15. Spilldag an der Total League.

Bei den Häre bleift de Basket Esch duerch eng 81:73-Victoire géint d'Musel Pikes weider um Leader Ettelbréck drun. Den T71 Diddeleng hat wéi erwaart keng Problemer bei de Kordall Steelers a gewënnt mat 106:75.

Bei den Damme gouf et eng wichteg Victoire fir d'Etzella zu Wolz, de Gréngewald huet knapp géint de Leader Diddeleng verluer an d'Musel Pikes hunn zu Esch gewonnen.

Häre-Basket
Residence Walfer - Sparta Bartreng 87:97

Et hat net laang gedauert du konnt sech Bartreng schonn e klenge Virsprong op Walfer erausspillen. D'Gäscht hunn zwar ëmmer nees probéiert de Réckstand net ze grouss uwuessen ze loossen, mee Stéck fir Stéck ass dësen awer ëmmer weider ugewuess. Sou war d'Sparta an der Paus dann och mat 59:46 a Féierung.

No der Paus konnt Bartreng de Virsprong weider ausbauen a konnt am leschte Véierel e Gang erofschalten. Do konnt Walfer de Virsprong dann nach eng kéier verkierzen, mee et sollt awer net méi duergoen sou dat et mat engem 87:97 op en Enn gaangen ass.

An der Course ëm eng vun de 6 Plazen am Playoff, war dëst eng wichteg Victoire fir d'Sparta. Si profitéieren dovunner, datt d'Pikes hir Partie e Samschdeg net konnte gewannen an esou hu si elo op der 6. Plaz ee Punkt Virsprong op d'Miseler.

© Philippe Calmes


Amicale Steesel - Racing 94:62

Och Steesel hat sech schonn am 1. Véierel e Virsprong vu 5 Punkten erausgespillt a konnt dësen am Véierel dono op 12 Punkten ausbauen sou dat et mat engem 50:38 an d'Paus sollt goen. Direkt no der Paus huet Steesel nach eng kéier e Gang eropgeschalt an de Racing hat ëmmer méi den Uschloss u Steesel verluer. Spannung sollt fir d'Spectateuren an dësem Match net méi opkommen wëll de Racing konnt zu kengem Zäitpunkt de Steeseler geféierlech ginn. Mat engem ganz däitlechen 94:62 huet Steesel dann och gewonnen.

© Maya a Robert Straus


Basket Esch - Musel Pikes 81:73


De Basket Esch bleift weider un der Etzella Ettelbréck drun. E Samschdeg den Owend huet ee sech an engem enke Match mat 81:73 géint d'Musel Pikes behaapt.

De Basket Esch war kloer besser an d'Partie gestart, loung nom éischte Véierel mat 28:14 a Féierung an huet domadder de Grondsteen fir d'Victoire geluecht. Duerno sinn d'Musel Pikes besser an de Match komm, hir Defense war elo besser a si hu besser getraff, sou datt si bis d'Paus op 33:38 erukomm sinn. No der Paus war d'Partie ganz enk an d'Pikes sinn un den Escher dru bliwwen, konnten d'Féierung awer net iwwerhuelen. De Basket Esch ass mat engem Virsprong vu 6 Punkten an de lescht Véierel gaangen an et stoung 63:57 tëscht béiden Ekippen. Hei sollt sech näischt méi un der Féierung änneren och wann et bis zum Schluss enk war, gewënnt Esch mat 81:73 géint d'Pikes. Den Escher Hicks war mat 32 Punkten ee vun de Piliere fir dës Victoire.

Hei nach eng kéier de ganze Match:

Basketball - de ganze Match (06.01.2019)
.


Kordall Steelers - T71 Diddeleng 75:106

Keng Problemer hat den T71 Diddeleng bei de Kordall Steelers. Muller a Co hu vun Ufank un den Toun an der Partie uginn. An hat sech bis d'Paus e kloere Virsprong vun 18 Punkten erausgespillt an et stoung 59:41. Am drëtte Véierel huet den T71 weider de Match bestëmmt a konnt sech ëmmer weider vun de Kordall Steelers ofsetzen. Mam Tëschestand vun 90:57 fir d'Gäscht ass et an déi lescht 10 Minutte gaangen. Um Enn stoung et 106:75 fir den T71 Diddeleng géint d'Kordall Steelers. 

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Damme-Basket
Amicale Steesel - AB Contern 76:59

Schonn am éischte Véierel konnt sech Steesel eng Avance vu 6 Punkten erausspillen an och am zweete Véierel huet Contern weider u Buedem verluer a louchen an der Paus schonn mat 28:46 am Réckstand. No der Paus konnt Contern dann awer besser mathalen an huet de Réckstand net méi uwuesse gelooss. Am leschte Véierel huet d'Amicale dëse komfortable Virsprong souverän behalen a gewënnt mat 76:59. D'Brittany Alexis Martin vu Steesel konnt mat staarken 18 Punkten, 25 Rebounds a 7 Assists iwwerzeegen.

Amicale Steesel - AB Contern 76:59 (06.01.2019)
Bei der Victoire vu Steesel géint Contern haten d'Meedecher vun der Heemekipp näischt ubrenne gelooss.


FOTOGALERIE: Amicale Steesel - AB Conter

Residence Walfer - Sparta Bartreng 91:73

D'Sparta war ganz staark an de Match komm a konnt am éischte Véierel 29 Punkte markéieren, d'Residence dogéint just 21. Sou staark se an de Match komm sinn, sou extrem hunn se dann awer am 2. Véierel nogelooss. Just 9 Punkten sinn hinne gelongen an dat huet d'Residence äiskal ausgenotzt a louchen dono an der Paus mat 49:38 a Féierung. Och no der Paus sollt et fir d'Sparta net vill besser lafen a Walfer gewënnt dësen mat 19:13. Am leschte Véierel huet de Ball bei der Sparta de Wee nees besser an de Filet fonnt a konnten de Réckstand soumat a Grenze gehalen. D'Residence gewënnt dann awer mat 91:73 a feiert domadder déi 1. Victoire an dëser Saison. Dem Taylor Danielle Brown si ganz staark 50 Punkte gelongen a war soumat mat Ofstand déi bescht Spillerin um Terrain.

Bei der éischter Victoire an der Saison souz een neien Trainer op der Bänk vun der Résidence. De fréieren Trainer vum Basket Esch, Zoran Jovicic, steet als Nofolger vum Mihajlo Stojanovic an der Verantwortung.

© Philippe Calmes


Wolz - Etzella Ettelbréck 62:79


E Samschdeg den Owend gouf et fir d'Etzella eng wichteg Victoire an der Course ëm eng Plaz am Playoff vum Championnat. D'Ettelbréckerinnen hu sech mat 79:62 zu Wolz behaapt a sech domadder géint een direkte Konkurrent Punkte geséchert. 3 Spilldeeg viru Schluss vun der Virronn steet d'Etzella op der 6. Plaz an der Tabell mat 23 Punkten. Hannert hinne steet de Gréngewald mat 22 Punkten a Wolz huet der 18.

An den éischten 10 Minutte war et eng enk Partie tëscht Wolz an der Etzella an et stoung 17:20 aus Siicht vun de Gäscht. Bis d'Paus hunn d'Dammen aus den Däichwisen opgedréint, den Tempo erhéicht an esou sech ee komfortabele Virsprong vu 48:30 erausgespillt. Am drëtte Véierel konnt Wolz de Réckstand verkierzen, ma esou richteg ass een awer net erukomm. D'Etzella ass mat 58:50 an déi lescht 10 Minutte gaangen. Hei hunn d'Gäscht dunn de Match erëm an d'Hand geholl an de Virsprong nees vergréissert, fir um Enn kloer mat 79:62 zu Wolz ze gewannen.

D'Jaksic huet fir Wolz 34 Punkte markéiert. Op der anerer Säit war d'Montgomery mat 25 Punkte bescht Spillerin.

Basket Esch - Musel Pikes 58:71

Spannend war de Match tëscht dem Basket Esch an de Musel Pikes. No den éischten 10 Minutte louchen d'Pikes mat 15:9 a Féierung. D'Ekipp ronderëm d'Cathy Schmit huet dëse Virsprong och mat an d'Paus geholl. Am drëtte Véierel ass de Basket Esch erukomm a konnt ausgläichen, sou datt et mat 49:49 an de leschte Véierel gaangen ass. Hei waren dunn d'Gäscht déi besser Ekipp a gewannen um Enn dach nach däitlech mat 71:58 beim Basket Esch.

FOTOGALERIE: Andréck vum Dammematch Esch-Musel Pikes.

Bescht Spillerin beim Basket Esch war d'Barr mat 26 Punkten, dat virum Grieb mat 11 Punkten. Bei de Musel Pikes huet d'Chambers 24 Punkte gemaach an d'Schmit der 21.  

© Maya & Robert Straus


Gréngewald - T71 Diddeleng 59:66

De Gréngewald huet um 15. Spilldag géint de Leader Diddeleng gekämpft, ma huet sech um Enn knapp misste mat 59:66 geschloe ginn. No den éischten 10 Minutte loung d'Lokalekipp mat 10:12 hannen, bis d'Paus konnt een de Match dréinen an et ass ee mat 39:26 an d'Paus gaangen. No engem schwaachen drëtte Véierel ass den T71 Diddeleng erëm erukomm, sou datt de Gréngewald am Ufank vum leschte Véierel nëmmen nach mat 43:41 a Féierung louch. Hei huet d'Lokalekipp de Leader misse laanschtzéie loossen an esou verléiert een um Enn mat 59:66.

Bescht Spillerin beim Gréngewald war d'Louin mat 26 Punkten, beim T71 waren et d'Mreches an d'Lindstrom mat 16 Punkten.

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.