BasketJacques Sitz als Successeur vum Erny Gruskovnjak?

Am nationalen Dammebasket gëtt et bei de Musel Pikes e Changement um Trainerposten. Den Erny Gruskovnjak huet no 7 Joer decidéiert opzehalen.

Erny Gruskovnjak© Maya a Robert Straus

De Coach huet mat de Pikes 4 Championstitelen an zwee mol d'Coupe gewonnen. Den Nofolger steet nach net fest, ma RTL-Informatiounen no wier de Jacques Sitz ee méigleche Kandidat.

Dee souz schonns Ugangs den 2000er op der Bänk vun de Pikes an ass och nach an der Jugend vum Veräin aktiv.

De Sitz ass aktuell Härentrainer zu Hesper, bei deenen hien am Fall vum Poste bei den Pikes misst ophalen.