Gewannt 50.000 Euro Cash mat engem Worf!

Dat grousst a spannend Gewënnspill aus den USA ass nees zeréck an der Total League! Schéisst e Kuerf vun der Mëttel Linn a gewannt den Jackpot vu 50.000 Euro mat Join an RTL!

Déi gutt Nouvelle: all Fan* dierf matmaachen a probéieren fir sech ze qualifizéieren. Eenzeg Konditiounen, et muss een den Dag vum Contest während dem Match an der Hal sinn an 18 Joer hunn. D’Qualifikatioun funktionéiert ganz einfach iwwert SMS. Fir mat ze maachen, muss een en SMS “JOIN + Numm” (Beispill: JOIN Jean Mueller) op de 62468 schécken (50cts/SMS).

All Woch ass de 50.000 Euro Kuerf an enger anerer Hal. De Contest gëtt an der Paus vun engem Match gespillt. Hei op dëser Säit fannt Dir d’Lëscht vun de Matcher wou de Contest stattfënnt:

20.03. Amicale Steesel - Sparta Bartreng 17h15 Steesel
02.04. Musel Pikes - Basket Esch 20h30 Stadbriedemes
08.04. Amicale Steesel - Basket Esch 20h45 Steesel
10.04. Basket Esch - Etzella Ettelbréck 17h45 Esch/Ho1
16.04. Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck 20h30 Steesel
23.04. 1. Hallef-Finale: Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck 20h30 Steesel
27.04. 2. Hallef-Finale: Musel Pikes - HB Diddeleng 20h00 Briedemes
04.05. 1. Finale H: Amicale Steesel - Musel Pikes 20h30 Steesel
07.05. 2. Finale H: Musel Pikes - Amicale Steesel 20h15 Briedemes

Wéi funktionéiert de 50.000 Euro Kuerf?

All Interesséierte ka sech nach bis um Enn vum éischte Véierel vun engem Match fir d’Spill mat SMS qualifizéieren. Nom éischte Véierel gëtt mat Tirage au Sort den Numm vun där Persoun ermëttelt déi beim Spill an der Paus vum Match hiert Gléck däerf probéieren. Den Numm vun der Persoun gëtt an der Hal ausgeruff. Wann déi Persoun net an der Hal ass oder sech innerhalb vu 15 Sekonne manifestéiert, gëtt en neien Numm mat Tirage au Sort ermëttelt an ausgeruff asou weider.

D’Spill fënnt an der Paus statt. Geschoss gëtt mat FIBA genormte Bäll (Size 7). Fir dierfen de 50.000 Euro Kuerf ze probéieren, muss de Spiller fir d’éischt den “30 Sekonnen Challenge” packen:

An 30 Sekonnen muss de Spiller 1 Lay-Up eraschéissen, 1 Kuerf vun der Faute Linn an 1 Kuerf vun der 3 Punkte Linn (Plaze si markéiert). De Spiller dierf sou dacks probéiere wéi e wëllt bis d’Zäit ofgelaf ass.

Wann den “30 Sekonnen Challenge” gepackt ass, dierf de Spiller de Worf vun der Mëttel Linn probéieren. Wann den Challenge net gepackt ass, gewënnt de Spiller en Trouschtpräis.

Fir de “50.000 Euro Kuerf” muss de Spiller vun hannert der Mëttel Linn op de Kuerf schéissen. De Spiller dierf Ulaf huelen, mee dierf net d’Mëttel Linn iwwerschreiden. Wann de Ball am Kuerf ukënnt an duerch de Filet fält, gewënnt de Spiller 50.000 Euro.

* Spiller/innen aus der Total League an all professionell Basketspiller aus nationalen an internationale Championater sinn ausgeschloss.

JOIN JOIN