Munnerefer LycéeWéi kann de Vëlodrom an d'Infrastruktur integréiert ginn?

An deem Kontext ass ee beim Educatiounsministère op alle Fall oppe fir mam Sportsministère an der Gemeng Munneref zesummen ze schaffen.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Vëlodrom / Reportage Rich Simon



De Sportminister Romain Schneider huet op eiser Antenne schonns e puer Mol gesot, dass de Vëlodrom an den neie Munnerefer Lycée soll integréiert ginn.

Am Educatiounsministère ass den Ament eng ganz Equipe am gaangen um Konzept vun der Offre Scolaire vun deem Lycée ze schaffen. Um Enn vun dësem Trimester soll dat Konzept da fäerdeg sinn. Duerno soll dann dem Educatiouns-Minister Claude Meisch no gekuckt ginn, wéi déi ganz Infrastruktur kann ausgesinn, och en vue vun engem integréierte Vëlodrom.

An där Etapp gëtt dann definéiert, wéi ee Bauprogramm gëtt gebraucht, dat heescht wat fir eng Raimlechkeeten a wat fir Infrastrukture gi gebraucht. An deem Kontext wär schonn ëmmer geschwat ginn, an dat fënnt de Claude Meisch och gutt, fir d'Sportinfrastruktur, déi fir de Munnerefer Lycée gebraucht gëtt, mam Vëlodrom ze verbannen. Am Vëlodrom fueren d'Coureure jo an enger Ellipse an an der Mëtt wär da ganz vill Plaz fir anere Sportaktivitéiten ënner ze bréngen, sou de Minister.   

Extrait Claude Meisch

     

De Claude Meisch wëll sech awer net ze wäit aus der Fënster leeën, wéini et mam Bau vum Lycée lass geet an domadder och mam Bau vum Vëlodrom. Den Educatiounsministère wier nämlech dofir zoustänneg ze decidéieren, wat an déi Gebaier dra kënnt an net fir d'Gebaier ze bauen. Responsabel fir de Bau wieren de Ministère du Développement Durable et des Infrastructures an d'Administratioun des Bâtiments Publique. Si iwwerhuelen déi Dossieren, definéieren e Bauprojet, deen nach eng Kéier muss kritesch gekuckt ginn, duerno muss dann e Gesetz duerch d'Regierung an d'Chamber goen an da kommen nach d'Ausschreiwungen. No dëse Schrëtt fänken dann d'Bauaarbechten un, déi dann 2-3 Joer dauere wäerten. Et wier een de Moment op deem Punkt, wou de Startschoss fir dës ganz Prozedure kéint falen, sou de Claude Meisch.

À ce Stade kënnt de Velodrome also an de Munnerefer Lycée. Wéi séier oder lues dat geet, hänkt wuel virun allem vun den administrativen Prozeduren of.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.