Tour duerch den OmanAlexander Kristoff wënnt 4. Etape, Hermans Leader am General

Den Norweger Alexander Kristoff huet och déi 4. Etape am Tour duerch den Oman am Cyclissem gewonnen.

4.Etapp Tour duerch den Oman (17.02.2017)
Alexander Kristoff gewënnt, Jempy Drucker a Bob Jungels verléiere vill Zäit.

Hie setzt sech op der Arrivée am Sprint géint den Italiener Sonny Colbrelli an de Belsch Greg van Avermaet duerch. 

De Belsch Ben Hermans bleift Leader am General. De Bob Jungels gëtt den 118. mat engem Retard vun 10 Minutten. Am General ass hien de 66.

De Jempy Drucker gëtt den 134. op bal 13 Minutten a steet am General op der Plaz 130