Tirreno Adriatico - Lescht EtappWäisse Maillot fir de Bob Jungels, hie gëtt 42.

Op der 7. a leschter Etapp um Tirreno Adriatico, engem Contre la Montre iwwer 10 km, gouf et eng Victoire vum Rohan Dennis.

Tirreno Adriatico - Lescht Etapp (14.03.2017)
De Nairo Quintana gëtt Schlussgewenner. De Bob Jungels ass am maillot blanc.

De Bob Jungels gouf den 42. an hat ee Retard vun 38 Sekonnen op den Australier. De Jempy Drucker gëtt de 55. op 47 Sekonnen.

An de Ben Gastauer hat als 107. ee Retard vun enger Minutt a 16 Sekonnen.

Am General séchert sech den Nairo Quintana d'Schluss-Victoire vum Tirreno, dat virum Rohan Dennis.

De Bob Jungels gëtt um Enn den 14. op 2 Minutten an 53 Sekonnen. Hien huet de Maillot Blanc zréckeruewert. De Ben Gastauer kënnt op déi 76. Plaz an de Jempy Drucker gëtt den 114.