Mailand-San RemoVictoire fir de Kwiatkowski

De fréiere Weltmeeschter Kwiatkowski wënnt no 291 Kilometer virum Weltmeeschter Peter Sagan an dem Fransous Julian Alaphilippe.

© AFP
Mailand-San Remo war den Optakt vun de grousse Fréijoersklassiker am Cyclissem. Déi 108. Editioun vum längste Klassiker war fir de Pol Michal Kwiatkowski. Hie konnt sech no 291 Kilometer am Sprint virum Weltmeeschter Peter Sagan an dem jonke Fransous Julian Alaphilippe duerchsetzen.

Et war de Peter Sagan, deen déi entscheedend Attack lancéiert hat. Nëmmen de Kwiatkowski an den Alaphilippe konnte säin Tempo matgoen.

Et war kee Profi aus Lëtzebuerg um Start.