Race around AustriaRalph Diseviscourt gëtt no 2.200 km den exzellenten Zweeten

An der Nuecht op e Sonndeg ass de Ralph Diseviscourt um 2.09 Auer no 4 Deeg 5 Stonnen an 22 Minutten zu St. Georgen nees ukomm.

D'Race around Austria ass déi schwéierst Vëloscourse an Europa. Iwwer 2.200 Kilometer an 30.000 Héichtemeter geet et ronderëm d'Alperepublik. Mam Ralph Diseviscourt an dem Marc Leyder waren dëst Joer zwee Lëtzebuerger um Depart.

De Ralph Diseviscourt huet an Éisträich op en neits bewisen, dass hien zu de beschten Ultracyclisten zielt. De Lëtzebuerger huet fir déi 2.200 Kilometer 4 Deeg 5 Stonnen an 22 Minutte gebraucht an ass domadder an der Nuecht op e Sonndeg als Zweeten zu St. Georgen iwwert d'Arrivée gefuer. D'Victoire bei der Race around Austria 2017 geet un den däitsche Markus Hager, dee ronn 9 Stonne méi séier war.

De Ralph Diseviscourt






Och den zweete Lëtzebuerger de Marc Leyder huet d'RAA 2017 gepackt. Hien ass e Sonndeg de Moien géint 6.00 Auer no 4 Deeg 19 Stonnen an 8 Minutten ukomm a gëtt de gudde 9.

De Marc Leyder um Mikro vum Erny Klein



© Martin Bäumler


Béid Coureuren an d'Equippe ronderëm si hunn an de leschten Deeg eng enorm physesch an och mental Leeschtung bruecht. Si hunn sech vu Collen, déi deels 20 % haten, net stoppe gelooss an och d'Wieder konnt hinnen näischt ofhunn. Vun Donnerwiederen, Knëppelsteng, Niwwel, Reen, Stuerm an e bësse Sonn war alles mat dobäi.

© Race around Austria


Bei der Race around Austria Challenge, dës Course geet iwwer 560 Kilometer, war nach de Rick Even aus dem Grand-Duché um Depart. Hien kënnt um Enn op déi 11. Plaz.

Hei kënnt Dir nach emol noliesen, wat déi zwee Lëtzebuerger Ultracyclisten an de leschten Deeg esou erlieft hunn.

5. Dag: Um Samschdeg, d'Arrivée ass net méi weit
Vun den 32 Cyclisten, déi sech der Challenge Race around Austria gestallt hunn, sinn der um Samschdeg nach 16 an der Course. Dorënner och déi 2 Lëtzebuerger. Trotz dem unhalende schlechte Wieder schloe si an hir Equippen sech nach ëmmer ganz gutt. 

De Ralph Diseviscourt an de Marc Leyder hunn d'Nuecht op e Samschdeg gutt iwwerstanen an d'Moral ass nach ëmmer gutt. Um 9.45 Auer sëtze si zanter 1.800 Kilometer um Vëlo. Nach ronn 400 Kilometer bleiwen hinne bis op d'Arrivée ze fueren. De Ralph Diseviscourt läit nach ëmmer op der 2. Plaz, dat mat engem Réckstand vu knapp 9 Stonnen op den éischten de Markus Hager. Den Ultracyclist huet eng Avance vun 2 Stonnen an 30 Minutten op den 3., de Michael Kochendörfer. De Marc Leyder behaapt weiderhi seng 8. Plaz.

Update 12.45 Auer: Et huet endlech opgehale mat Reenen. No 48 Stonnen am Reen ass de Ralph Diseviscourt elo emol nees am Dréchnen ënnerwee. No 1.878 Kilometer bleiwen der nach 300 bis op d'Arrivée ze fueren. De Marc Leyder huet 1.845 Kilometer absolvéiert. Déi zwee Coureuren hunn hir Placéierunge behalen. 

Update 16 Auer: Déi zwee Lëtzebuerger hunn déi 2.200 Kilometer geschwë gepackt. Fir de Ralph Diseviscourt bleiwen elo nach ronn 200 Kilometer ze fueren. Hie läit weiderhin op der zweeter Plaz am Klassement. De Marc Leyder huet nach e puer Kilometer méi ze fueren. Déi zwee Lëtzebuerger sëtzen elo iwwer 85 Stonnen um Vëlo. Elo scho sportlech an och mental eng extrem Leeschtung, déi si bruecht hunn.

© Team Dizzy
 

Update 22 Auer: De Ralph Diseviscourt huet déi lescht grouss Schwieregkeet (bis zu 12 %)vun der Race around Austria hanneru sech bruecht. Elo sinn et nach knapp 100 Kilometer bis op d'Arrivée. De Marc Leyder huet der nach 150 ze fueren.

4. Dag: Um Freideg

An der Nuecht op e Freideg huet och de Ralph Diseviscourt den héchste Punkt vun der RAA 2017 de Großglockner erreecht.

© Martin Bäumler

De Marc Leyder hat an der Nuecht um 4 Auer no enger klenger Stäerkung eng Paus vun 30 Minutte gemaach an du kuerz drop nach eng Kéier 2 Stonne geschlof. Och d'Equipe huet vun der längerer Paus profitéiert an sech e bësse geluecht.

Géint 8.15 Auer e Freideg de Moien hu sech déi zwee Lëtzebuerger dunn op der Streck getraff. Si sinn elo bei Kilometer 1.400 ukomm. Déi zwee Lëtzebuerger sinn zesummen elo a Richtung Schwaz ënnerwee. D'Wieder ass nach ëmmer net dat allerbescht et reent nämlech nach ëmmer.

Bei der Timestation 30 läit de Ralph Diseviscourt op der 2. Plaz, de Marc Leyder huet sech op déi 8. Plaz no fir geschafft. 

© Martin Bäumler


Update 13 Auer: De Marc Leyder an de Ralph Diseviscourt sinn nach ëmmer ganz no beieneen. De Moment wou si sech e Freideg de Moie begéint hunn, war fir de Marc Leyder ganz speziell.

De Marc Leyder um Mikro vum Erny Klein



Si hunn elo ronn 1.500 Kilometer absolvéiert, ze fuere bleiwen der elo nach gutt 700. Bei der Timestation 32 ass et nach ëmmer déi 2. Plaz fir de Ralph Diseviscourt, de Marc Leyder bleift op der 8. Plaz.

Update 22 Auer: De Ralph Diseviscourt war e Freideg am Nomëtteg e bësse méi séier wéi de Marc Leyder ënnerwee. Hien ass elo 1.639 Kilometer gefuer a kënnt dem Zil zu Salzburg ëmmer méi no. De Marc Leyder steet bei 1.600 Kilometer, hien hat nach eng Kéier eng Schlofpaus gemaach an huet seng Akkuen ënnert anerem mat engem Cheeseburger nees opgefëllt. Bei der Timestation 35 läit de Ralph Diseviscourt weiderhin op der 2. Plaz.

D'Wieder ass miserabel. Knëppelsteng, Niwwel a Reen maachen de Cyclisten d'Liewen net einfach.

© Team Dizzy


3. Dag: Um Donneschdeg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet de Marc Leyder d'1.000 Kilometer gepackt. Um 10 Auer steet de Kilometerzieler bei him bei 1.070 Kilometer. Nach bleiwen der eng 1.100 ze fueren bis op d'Arrivée. Vill Zäit loosse sech d'Coureuren ënnerwee net fir ze iessen an och geschlof gëtt net all ze vill. D'Zänn déi ginn do och scho mol um Vëlo gewäsch.

D'Zänn gi beim Marc Leyder um Vëlo gebotzt.© Martin Bäumler


De Ralph Diseviscourt hat an der Nuecht nach eng länger Paus missen aleeën. Elo ass hien awer erëm fit a sëtzt nees um Vëlo. Um 10 Auer steet bei him de Chrono bei 956 Kilometer.

Bei der Timestation 20, bei Kilometer 915, läit de Ralph Diseviscourt de Moment op der 5. Plaz an de Marc Leyder ass de 14.

Fir d'Coureuren geet d'Course elo eréischt richteg un. Op den zweeten 1.000 Kilometer gëtt et richteg schwéier. Hei waart ee Col nom aneren. Ënnert anerem Hochtor, Kühtai, Silvretta a Fernpass.

Géint 12 Auer huet de Marc Leyder d'Hallschent vun der Course hanneru sech bruecht. De Ralph Diseviscourt huet d'1.000 Kilometer gepackt.

De Ralph Diseviscourt um Mikro vum Erny Klein



Update um 15 Auer: De Marc Leyder ass bei Kilometer 1.180 an de Ralph Diseviscourt bei 1.085. Déi zwee Lëtzebuerger leien op de Plazen 3 respektiv 12. Allebéid hu se sech an tëscht nees gutt gestäerkt, dës Kéier stoung e Schnitzel um Menü.

© Team Dizzy


Update 22.15 Auer: De Marc Leyder ass um Daach vun der Race around Austria ukomm. Mat 2.500 Meter ass de Großglockner bei Kilometer 1.278 den héchste Punkt op der Streck. Hei huet d'Steigung deels 20 Prozent. De Ralph Diseviscourt huet dës Montée nach viru sech. Hien ass de Moment bei Kilometer 1.223.

D'Wieder mécht de Coureuren et net einfach, vun Donnerwiederen, Reen, staarkem Wand, Niwwel a Sonn war bis elo alles dobäi. 

Bei der Timestation 26 (1.223km) läit de Ralph Diseviscourt nach ëmmer op der 3. Plaz. De Marc Leyder ass den 11.

2. Dag: Um Mëttwoch

E Mëttwoch de Moie sinn d'Lëtzebuerger nach ëmmer gutt ënnerwee. De Marc Leyder ass mëttlerweil 24 Stonnen ënnerwee an huet um kuerz virun 11 Auer e Mëttwoch de Moien 584 Kilometer hannert sech bruecht. De Coureur huet an der Nuecht ronn eng hallef Stonn geschlof an huet sech dunn nees op de Wee gemaach bis de Moien 11 Auer, wou hien eng Omelette mat 2 Eeër a Speck an Hambier mat Huewerflacken dra giess huet. Dertëschent huet hien awer leider och 2 Stonnen Zäit verluer, well hie sech verfuer hat.



De Ralph Diseviscourt ass zanter en Dënschdeg den Owend 20.36 Auer ënnerwee an ass 439 Kilometer gefuer. De Moment läit den Ultracyclist op der 1. Plaz.

© Team Dizzy


Am Nomëtteg géint 15.20 Auer hat de Ralph Diseviscourt 562 Kilometer hannert sech bruecht an de Marc Leyder hat der genee 700 um Bockel. Fir de Marc Leyder war et dunn nees un der Zäit eng weider Paus vun 30 Minutten ze maachen fir duerno nees an d'Pedallen ze drécken.

De Ralph Diseviscourt iwwer d'Konditioune bei der Course



Um 21 Auer ass de Marc Leyder 810 Kilometer gefuer. Fir de Ralph Diseviscourt steet de Kilometerstand de Moment bei 697 Kilometer. De Ralph Diseviscourt huet de Mëtteg eng kleng Paus gemaach a sech géint 20 Auer fir e puer Minutte schlofe geluecht. De Moment läit hien op der 3. Plaz.

© Team Dizzy


Virschau op d'Race around Austria
RTL-NEWS: Neien Challenge fir den "Dizzy": 2.200 Kilometer beim "Race around Austria"




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.