30. Ronde des ValléesMisch Leyder wënnt Schlussetapp

Op der 3. a leschter Etapp konnt sech de jonke Lëtzebuerger e Sonndeg géint déi versammelt Konkurrenz duerchsetzen. Am General lant hien op Plaz 8!

© René Thill
Ongeféier an der Hallschent vun der Course konnt sech de Leyder op der Etapp iwwer 102,4 Kilometer mat zwee anere Coureuren ofsetzen. Vun hirem Virsprong, deen an der Tëschenzäit emol op 2 Minutten ugewuess war, konnten déi Dräi 35 Sekonne bis iwwert d'Ligne d'Arrivée retten. An hei war de Misch Leyder am Sprint um Enn dee séiersten.

Zweete gouf de Schwed Peter Haslung, déi drëtt Plaz war fir den Hollänner Minne Verboom, deen am General op déi 1. Plaz kënnt.