Vuelta a EspañaQuick-Step Floors mam Bob Jungels

Um Mëttwoch huet d'Equipe Quick-Step Floors seng 9 Coureure bekannt ginn, déi un de Start vun der 72. Vuelta a España ginn.

© Archiv pressphoto
Zesumme mam Bob Jungels ginn ënner anerem de Julian Alaphilippe, de Matteo Trentin an den David De La Cruz un den Depart. Fir de Bob Jungels ass et den zweete Grand Tour vum Joer nom Giro d'Italia, wou de Lëtzebuerger de Maillot vum beschte Jonke fir déi zweete Kéier hannertenee gewanne konnt. Fir de Julian Alaphilippe ass et den éischte Grand Tour fir dëst Joer, dat well de Fransous eng Blessure um Knéi hat. Den David De La Cruz war d'lescht Joer am Giro de gudde 7. ginn.