Dopingfall bei BMCSamuel Sanchez positiv getest ginn

Zwee Deeg virum Depart vun der Vuelta huet d'UCI um Donneschdeg matgedeelt, dass de Spuenier Samuel Sanchez positiv getest ginn ass.

© afp
Beim Co-Equipier vum Jempy Drucker ass den 9. Abrëll während enger Kontroll ausserhalb vun enger Course dat Wuesstemshormon fräisetzend Peptid GHRP-2 nogewise ginn. Dat nämlecht Mëttel gouf och bei den zwee Profie Stefano Pirazzi an Nicola Ruffoni am Virfeld vum Giro d'Italia nogewisen.

Den Olympiagewënner an der Course en Ligne op der Strooss vun 2008 huet elo d'Méiglechkeet d'B-Prouf opmaachen ze loossen. Seng Equipe, BMC, huet de Spuenier virleefeg suspendéiert. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.