Tour of NorwayChristine Majerus am Prolog déi 16.

Den Tour duerch Norwegen gouf mat engem Prolog iwwert 3 Kilometer lancéiert. Gewonnen huet d'Ellen Van Dijk.

© pressphoto (Archiv)
D'Hollännerin huet 3 Minutten a 44 Sekonne gebraucht. Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Marianne Vos an d'Katrin Garfoot gefuer. Christine Majerus hat als 16. e Retard vun 8 Sekonnen op d'Van Dijk.

Um Freideg geet déi 1. Etapp iwwer 105 Kilometer vun Halden op Mysen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.