Vuelta a EspañaChris Froome huet vill Konkurrenz a Course ëm d'Victoire

Um Samschdeg geet et lass, déi 72. Editioun vun der Vuelta a España. D'Vuelta gëtt mat engem Zäitfueren zu Nîmes lancéiert. Mat dobäi och de Bob Jungels.

© afp
Vum 19. August bis den 10. September, wou d'Arrivée zu Madrid ass, mussen d'Coureuren 3.324,1 Kilometer hannert sech bréngen. 21 Etappe mussen absolvéiert ginn. Dorënner een Eenzelzäitfueren, een Equippenzäitfueren, 6 flaach Etappen, 8 hiwweleg Etappen a 5 ganz schwéier Biergetappen.

Mat um Depart ass praktesch déi komplett Weltklass vum Vëlossport. Dobäi ass ënner anerem den Alberto Contador, deen d'Vuelta dräi Mol a senger Karriär gewanne konnt. Fir de Spuenier ass et dann och déi lescht Course a senger professioneller Karriär. Fir Quick-Step geet de Bob Jungels un den Depart. U senger Säit ass och den David De La Cruz, dee lescht Joer déi 7. Plaz am General realiséiere konnt.

RTL-NEWS: De Bob Jungels virun der Vuelta am Interview

Ma och de Gewënner vum Tour de France ass bei der Vuelta dobäi. De Brit huet nach eng Rechnung op hei, dat well hien schonns dräimol den Zweete ginn ass bei der Vuelta. Déi Kéier wëll de Chris Froome och zu Madrid ganz uewe stoen.

BMC schéckt den Damiano Caruso an den Tejay Van Garderen an d'Course als Leader. Den Esteban Chaves vun Orica Scott ass och dëst Joer nees dobäi a gëtt ënnerstëtzt vun de Gebridder Yates. Déi zwee Bridder hunn dëst Joer ee gudden Androck hannerlooss. De Simon Yates huet déi 7. Plaz beim Tour erreecht an den Adam Yates ass op déi 9. Plaz beim Giro komm. Déi lescht zwee Joer koum hien op d'Plaze 5 an 3 am General. Movistar geet ouni Valverde an och ouni den Titelverdeedeger Nairo Quintana un den Depart. Si zwee gi representéiert vu Coureuren ewéi Jorge Arcas a Carlos Betancur.

Mam Warren Barguil ass de Gewënner vum Biergtrikot vum Tour de France och um Depart. De Fransous geet zesumme mam Wilco Kelderman fir Sunweb un den Depart. Mam Rafal Majka geet en duebele Gewënner vum Trikot vum beschte Grimpeur beim Tour de France, och hei bei der Vuelta un den Depart. De Pol konnt de Maillot vum beschte Grimpeur beim Tour an de Joren 2014 an 2016 gewannen.

AG2R La Mondiale geet och mat zwee richteg gudde Coureuren un den Depart. De Romain Bardet an den Domenico Pozzovivo vertrieden déi franséisch Equipe. No engem staarke Giro ass den Ilnur Zakarin och bei der Vuelta dobäi. Team LottoNL - Jumbo setzt vollste Vertrauen an de Steven Kruijswijk bei dëser 72. Editioun vun der Vuelta.

Astana a Bahrain - Merida hunn och Favoritten an hire Reien. Bei Astana ass de Fabio Aru dobäi, deen d'Vuelta am Joer 2015 gewanne konnt. Ma och Bahrain - Merida huet mam Vincenzo Nibali ee fréiere Gewënner dobäi. Den Italiener huet d'Vuelta am Joer 2010 gewonnen. 2013 ass hien den Zweete ginn hannert dem Sensatiounsgewënner Christopher Horner.

Wien um Enn zu Madrid ganz uewen um Podium steet ass schwéier soe bei esou engem héichkarätegem Starterfeld.

PDF: D'Startlëscht vun der Vuelta

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.