Tour de l'AvenirKasper Asgreen wënnt 1. Etapp, Jan Petelin 33.

E Freideg huet den Tour de l'Avenir, eng Course fir Espoiren, ugefaangen. Op der 1. Etapp huet den Europameeschter am Zäitfueren Kasper Asgreen gewonnen.

Den Dän konnt sech während der 135 Kilometer laanger Etapp aus dem Spëtzegrupp ofsetzen a gewënnt um Enn en solitaire. D'Lëtzebuerger Coureure sinn alleguer am Peloton mat engem Retard vu 4 Sekonnen iwwer d'Arrivée gefuer.




D'Klassement vun de Lëtzebuerg:

33. Jan Petelin

69. Kevin Geniets

80. Tom Wirtgen

94. Michel Ries

111. Larry Valvasori

122. Pit Leyder   

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.