VIDEO: Vuelta a EspañaVictoire fir BMC, Rohan Dennis éischte Leader vun der Vuelta

Um Samschdeg war den Optakt vun der 72. Editioun vun der Vuelta a España. Et war een Equippenzäitfueren iwwer ronn 13 Kilometer zu Nîmes.

Vuelta: Den Optakt (19.08.2017)
Victoire fir BMC, Rohan Dennis éischte Leader vun der Vuelta
Ewéi de Bob Jungels mat senger Equipe Quick-Step Floors op d'Arrivée komm ass, du stoung eng Zäit vu 16 Minutten a 4 Sekonne vun der Equipe Sunweb ëm de Wilco Kelderman an de Warren Barguil. Ma d'Equipe mam Lëtzebuerger war ëm ronn eng hallef Sekonn méi séier ewéi déi däitsch Formatioun Sunweb.

Mee och d'Zäit vu Quick-Step sollt net laang stoen, dat well d'Equipe BMC eng richteg gutt Zäit higeluecht huet an no 15 Minutten an 58 Sekonnen iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer ass. Déi éischt an eenzeg Zäit ënner 16 Minutten.

AG2R La Mondiale mam Romain Bardet a mam Domenico Pozzovivo verléiere schonns vill Zäit. Si fueren no 16 Minutten a 44 Sekonnen duerch d'Zil.

Och Sky konnt dës Zäit net méi ënnerbidden an domat fiert de Rohan Dennis um Sonndeg am roude Maillot vum Leader.

Klassement vun der 1. Etapp



Generalklassement no der 1. Etapp


1. AUS DENNIS Rohan 33 BMC RACING TEAM 15' 58''  
2. ITA OSS Daniel 35 BMC RACING TEAM 15' 58'' + 00' 00''
3. IRL ROCHE Nicolas 36 BMC RACING TEAM 15' 58'' + 00' 00''
4. ITA DE MARCHI Alessandro 32 BMC RACING TEAM 15' 58'' + 00' 00''
5. ITA CARUSO Damiano 31 BMC RACING TEAM 15' 58'' + 00' 00''
6. USA VAN GARDEREN Tejay 38 BMC RACING TEAM 15' 58'' + 00' 00''
7. BEL LAMPAERT Yves 17 QUICK - STEP FLOORS 16' 04'' + 00' 06''
8. ESP DE LA CRUZ MELGAREJO David 11 QUICK - STEP FLOORS 16' 04'' + 00' 06''
9. LUX JUNGELS Bob 15 QUICK - STEP FLOORS 16' 04'' + 00' 06''
10. FRA ALAPHILIPPE Julian 12 QUICK - STEP FLOORS 16' 04'' + 00' 06''


LINK: D'Startlëscht vun der Vuelta

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.