VIDEO: Vuelta a EspañaQuick-Step dominéiert, Lampaert wënnt virum Trentin

Nom Optakt um Samschdeg war um Sonndeg déi zweet Etapp vun der Vuelta a España, dat iwwer 203,4 Kilometer vun Nîmes op Gruissan.Grand Narbonne.Aude.

Quick-Step dominéiert, Lampaert wënnt virum Trentin (20.08.2017)
Nom Optakt um Samschdeg war um Sonndeg déi zweet Etapp vun der Vuelta a España, dat iwwer 203,4 Kilometer vun Nîmes op Gruissan.Grand Narbonne.Aude.
Eng flaach Etapp stoung um Sonndeg um Programm. Hei konnt eigentlech just de Wand d'Coureuren a Schwieregkeete bréngen a fir Ecarte suergen. De Peloton ass déi ganz Etapp zesumme bliwwen, kee konnt oder wollt sech ofsetzen. An de leschten 10 Kilometer ass de Peloton du richteg ausernee gefall, dat well Sky a Quick-Step Floors richteg kräfteg an d'Pedalle gedréckt hunn. Esou konnt sech ee klenge Grupp mat direkt dräi Quick-Step Coureuren ofsetzen. Den Yves Lampaert huet sech aus dësem Grupp nach eng Kéier ofgesat a konnt d'Etapp en solitaire gewanne viru sengem Teamkolleg Matteo Trentin, deen den Zwëschesprint gewanne konnt. De Bob Jungels gëtt um Sonndeg den 65. op 13 Sekonnen. Am General ass hien elo den 13. op 23 Sekonnen.

Neie Leader am General ass och den Yves Lampaert.

Klassement vun der zweeter Etapp
1
LAMPAERT Yves QUICK - STEP FLOORS 4h 36' 13''
2
TRENTIN Matteo QUICK - STEP FLOORS + 00' 00''
3
BLYTHE Adam AQUA BLUE SPORT + 00' 00''
4
THEUNS Edward TREK - SEGAFREDO + 00' 00''
5
MODOLO Sacha UAE TEAM EMIRATES + 00' 00''
6
SCHWARZMANN Michael BORA - HANSGROHE + 00' 00''
7
VAN ASBROECK Tom CANNONDALE DRAPAC PROFESSIONAL CYCLING TEAM + 00' 00''
8
OSS Daniel BMC RACING TEAM + 00' 00''
9
KONRAD Patrick BORA - HANSGROHE + 00' 00''
10
NIBALI Vincenzo BAHRAIN - MERIDA + 00' 00''


Generalklassement no der zweeter Etapp
1
LAMPAERT Yves QUICK - STEP FLOORS 4h 52' 07''
2
TRENTIN Matteo QUICK - STEP FLOORS + 00' 01''
3
OSS Daniel BMC RACING TEAM + 00' 03''
4
VAN GARDEREN Tejay BMC RACING TEAM + 00' 17''
5
ROCHE Nicolas BMC RACING TEAM + 00' 17''
6
DENNIS Rohan BMC RACING TEAM + 00' 17''
7
ALAPHILIPPE Julian QUICK - STEP FLOORS + 00' 18''
8
KELDERMAN Wilco TEAM SUNWEB + 00' 18''
9
FROOME Christopher TEAM SKY + 00' 21''
10
POELS Wouter TEAM SKY + 00' 21''


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.