CyclassicsVictoire fir den Elia Viviani

Um Sonndeg waren d'Cyclassics zu Hamburg. Den Italiener Elia Viviani vun der Equipe Sky konnt sech um Enn am Sprint duerchsetzen.

© afp
De Jempy Drucker war bis e puer 100 Meter virun der Ligne d'Arrivée ganz gutt placéiert, ma um Enn hat de Lëtzebuerger net méi déi néideg Reserve fir sech am Sprint entscheedend an Aktioun ze setzen. Hie kënnt op déi 12. Plaz. Den Arnaud Démare, de franséische Champion an den Dylan Groenewegen komplettéieren de Podium.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.