Vuelta a EspañaEtapp fir den Nibali, Froome neie Leader

Um Méindeg war et déi drëtt Etapp vun der Vuelta a España iwwer 158.5 Kilometer vu Prades Conflent Canigo op Andorra La Vella.

Vuelta - Déi 3. Etapp ass fir den Nibali (21.08.2017)
De Bob Jungels ass e Méindeg als 55. mat engem Retard vu 7 Minutten a 16 Sekonnen iwwert d'Ligne d'Arrivée gefuer.
Scho fréi am Verlaf vun der Vuelta a España geet et an d'Bierger. Um Programm stoungen zwee Bierger vun der éischter Kategorie an zum Schluss ee vun der zweeter Kategorie, ier et da biergof an d'Zil gaangen ass.

De Vincenzo Nibali konnt sech d'Etapp am Sprint aus dem Favorittegrupp eraus sécheren, dat virum De La Cruz a virum Chris Froome, deen elo och d'Féierung am General iwwerhëlt. Dat mat 2 Sekonne Virsprong op den De La Cruz, de Roche an de Van Garderen. De Bob Jungels gëtt de 55. op 7 Minutten a 16 Sekonnen. Am General ass de Lëtzebuerger de 45. op 7 Minutten a 24 Sekonnen.

Ee Grupp vun 8 Leit bestoend aus dem Axel Domont an dem Alexandre Geniez (AG2R-La Mondiale), Davide Villella (Cannondale-Drapac), Przemyslaw Niemiec (UAE Team Emirates), Thomas De Gendt (Lotto Soudal), Anthony Turgis (Cofidis), Fabricio Ferrari (Caja Rural-Seguros RGA) a Fernando Orjuela (Manzana Postobon) konnt sech vum Peloton ofsetzen.

Den Thomas de Gendt konnt déi éischt Biergwäertung vum Dag virum Villela gewannen.




Ewéi et an den zweete Bierg gaangen ass, ass de Spëtzegrupp auserneegefall an de Geniez a Villela hu sech eleng dovu gemaach. Och am Peloton huet sech eppes gedoen, dat duerch d'Tempoverschäerfung vu Sky. De Leader Yves Lampaert ass net méi matkomm, um Fouss vun dësem Col war Schluss.

33 Kilometer viru Schluss, am zweete Bierg, ronn 3 Kilometer virum Sommet konnt de Bob Jungels d'Tempo am Peloton och net méi matgoen an huet misse lass loossen.

Di zwee Leader konnte sech nach iwwer d'Kopp vum Coll de la Rabassa retten, ier si an der Descente agefaange gi sinn.

Mat ganz héijem Tempo ass et an de leschte Bierg gaangen. Sky huet acceleréiert an domat de Grupp gesprengt a konnten esou ënner anerem de Contador distanzéieren. Kuerz dono huet och de Gewënner vum Biergtrikot vum Tour de France, de Warren Barguil d'Favoritte missen zéie loossen.

8 Kilometer viru Schluss huet de Chris Froome dunn attackéiert an nëmmen ee konnt um Brit sengem hënneschte Rad bleiwe, de Kolumbianer Esteban Chaves.




An der Descente konnten den Aru an de Bardet nees opschléissen.

Ronn 600 Meter virun der Arrivée konnt ee Grupp mam David de la Cruz a mam Nibali opschléissen. Am sprint huet sech den Nibali d'Victoire geséchert virum de la Cruz. De Froome as domat och den neie Leader am General mat 2 Sekonne Virsprong op den De La Cruz.




De Contador gouf op der Etapp de 37. op 2 Minutten an 33 Sekonnen. Am General ass de Spuenier elo den 30. op 3 Minutten an 10 Sekonnen.

Klassement vun der 3. Etapp
1
  NIBALI Vincenzo BAHRAIN - MERIDA 4h 01' 22''
2
  DE LA CRUZ MELGAREJO David QUICK - STEP FLOORS + 00' 00''
3
  FROOME Christopher TEAM SKY + 00' 00''
4
  BARDET Romain AG2R LA MONDIALE + 00' 00''
5
  CHAVES Johan Esteban ORICA - SCOTT + 00' 00''
6
  ARU Fabio ASTANA PRO TEAM + 00' 00''
7
  ROCHE Nicolas BMC RACING TEAM + 00' 00''
8
  VAN GARDEREN Tejay BMC RACING TEAM + 00' 00''
9
  POZZOVIVO Domenico AG2R LA MONDIALE + 00' 00''
10
  WOODS Michael CANNONDALE DRAPAC PROFESSIONAL CYCLING TEAM + 00' 25''


Generalklassement no der 3. Etapp
1
  FROOME Christopher TEAM SKY 8h 53' 44''
2
  DE LA CRUZ MELGAREJO David QUICK - STEP FLOORS + 00' 02''
3
  ROCHE Nicolas BMC RACING TEAM + 00' 02''
4
  VAN GARDEREN Tejay BMC RACING TEAM + 00' 02''
5
  NIBALI Vincenzo BAHRAIN - MERIDA + 00' 10''
6
  CHAVES Johan Esteban ORICA - SCOTT + 00' 11''
7
  ARU Fabio ASTANA PRO TEAM + 00' 38''
8
  YATES Adam ORICA - SCOTT + 00' 39''
9
  POZZOVIVO Domenico AG2R LA MONDIALE + 00' 43''
10
  BARDET Romain AG2R LA MONDIALE + 00' 48''


PDF: D'Startlëscht vun der Vuelta

© afp


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.