VIDEO: Vuelta a EspañaNächst Victoire fir Quick-Step, Trentin wënnt am Sprint

Um Dënschdeg war déi 5. Etapp vun der Vuelta a España iwwer 198,2 Kilometer vun Escaldes-Engordany op Tarragona.

Vuelta: Nächst Victoire fir Quick-Step, Trentin wënnt (22.08.2017)
Um Dënschdeg war déi 5. Etapp vun der Vuelta a España iwwer 198,2 Kilometer vun Escaldes-Engordany op Tarragona.
No der schwéierer Etapp vun e Méindeg huet de General schonns Gestalt ugeholl. Dobäi huet een och schonns direkt d'Favoritten op den Tour konnten erauskristalliséieren. Mat ganz gudde Leeschtungen opgefall sinn de Chris Froome, Esteban Chaves, David De La Cruz, de Romain Bardet an de Vincenzo Nibali. Manner gutt ass d'Etapp verlaf fir den Alberto Contador, Bob Jungels a Rafal Majka. Um Dënschdeg war eng flaach Etapp um Programm, also Zäit sech e bëssen auszerouen.

Laang huet ee Spëtzegrupp dës Etapp dominéiert, ma déi goufe ronn 8 Kilometer viru Schluss vum Peloton gestallt, esou dass et zu engem Massesprint komm ass. Hei war de Matteo Trentin, dem Bob Jungels säi Coequipier, dee Séiersten. De Bob Jungels ass mam Peloton an d'Zil komm a klasséiert sech op der 72. Plaz. Am General ass hien elo de 44. op iwwer 7 Minutten.

De Johan Le Bon (FDJ), de Stéphane Rossetto (Cofidis), den Diego Rubio (Caja Rural-Seguros RGA), den Nicholas Schultz (Caja Rural-Seguros RGA) an de Juan Felipe Osorio (Manzana Postobon) konnte sech vum Peloton léisen an hunn d'Spëtzegrupp vum Dag forméiert. De Rossetto an de Rubio konnte sech aus dem Grupp nach eng Kéier léisen an hu sech eleng op de Wee a Richtung Tarragona gemaach.

Am Peloton hu Sky a Quick-Step Floors fir d'Tempo gesuergt. D'Spëtzeleit konnte ronn 8 Kilometer viru Schluss nees agefaange ginn. Esou ass et zu engem Massesprint komm. Hei war de Matteo Trentin, dem Bob Jungels säi Coequipier, dee Séiersten.

Klassement vun der 3. Etapp
1
  TRENTIN Matteo QUICK - STEP FLOORS 4h 43' 57''
2
  LOBATO DEL VALLE Juan José TEAM LOTTO NL - JUMBO + 00' 00''
3
  VAN ASBROECK Tom CANNONDALE DRAPAC PROFESSIONAL CYCLING TEAM + 00' 00''
4
  THEUNS Edward TREK - SEGAFREDO + 00' 00''
5
  DEBUSSCHERE Jens LOTTO SOUDAL + 00' 00''
6
  MODOLO Sacha UAE TEAM EMIRATES + 00' 00''
7
  MANZIN Lorenzo FDJ + 00' 00''
8
  ANDERSEN Søren Kragh TEAM SUNWEB + 00' 00''
9
  REGUIGUI Youcef TEAM DIMENSION DATA + 00' 00''
10
  BOL Jetse MANZANA POSTOBON TEAM + 00' 00''


Generalklassement no der 3. Etapp
1 C. Froome  21 8h 53' 44''
2
D. De La Cruz Melgarejo 11            + 00' 02''
3
N. Roche  36 + 00' 02''
4
T. Van Garderen  38 + 00' 02''
5
V. Nibali  151 + 00' 10''
6
J.E Chaves Rubio  41 + 00' 11''
7
F. Aru  131 + 00' 38''
8
A. Yates  48 + 00' 39''
9
R. Bardet 81 + 00' 48''
10
S. Yates  49 + 00' 48''


© afp


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.