Vuelta a EspañaLutsenko wënnt 5. Etapp, Froome verdeedegt de roude Maillot

Déi 5. Etapp vun der Vuelta a España iwwer 175,7 Kilometer vu Benicassim op Alcossebre war nees méi schwéier ewéi d'Etapp um Dënschdeg.

Vuelta - 5. Etapp ass fir de Lutsenko (23.08.2017)
De Froome konnt säi roude Maillot e Mëttwoch verdeedegen.
Um Programm stoungen dräi Bierger vun der zweeter Kategorie, esou wéi zwee Bierger vun der drëtter Kategorie. D'Arrivée sollt och nees schwéier ginn, dat well et zum Schluss nach eng Kéier biergop sollt goen. Déi lescht 3,4 Kilometer hunn eng duerchschnëttlech Steigung vun 9,7% a maximal 20%.




Déi 5 Etapp vun der Vuelta gouf dominéiert vun engem Spëtzegrupp, deen aus 17 Leit bestoung. Dësen ass allerdéngs um Wee Richtung Arrivée ëmmer méi ausernee gefall. Um Enn sollten et awer eng Rei Coureure virum Peloton op d'Arrivée packen. Aus dësem Grupp war de Lutsenko dee Stäerksten an hie konnt dës Etapp dann och gewannen. De Chris Froome konnt säi roude Maillot verdeedegen. De Bob Jungels gëtt de 67. op 7 Minutten an 12 Sekonnen. Am General ass hien elo de 46. op 10 Minutten a 5 Sekonnen.

Virun der Etapp koum schonn d'Noriicht, dass den John Degenkolb net méi un den Depart vun dëser 5. Etapp géing goen.

De Julian Alaphilippe (Quick Step), Ruben Fernandez a Marc Soler (Movistar Team), Michael Schwarzmann (Bora-Hansgrohe), Alexis Gougeard (Ag2r La Mondiale), Davide Villella (Cannondale-Drapac), Marco Haller a Matvey Mamykin (Katusha-Alpecin), Matej Mohoric (UAE Team Emirates), Alexey Lutsenko (Astana), Valerio Agnoli (Bahrain-Merida), Jérémy Maison (FDJ), Merhawi Kudus (Dimension Data), Lluis Mas an Hector Saez (Caja Rural-Seguros RGA), Michel Kreder (Aqua Blue Sport) a Jetse Bol (Manzana-Postobón) hu sech fréi aus dem Stepps gemaach an hunn een 17-Kapp staarke Spëtzegrupp gebilt. 

Den Davide Villella, de Mann am Trikot vum beschte Grimpeur, war och mat am Spëtzegrupp. Hie konnt och déi éischt véier Biergwäertunge gewannen a sech esou weider 18 Punkte sécheren.




Un der Spëtzt huet den Haller sech an enger Descente ofgesat vum Spëtzegrupp, allerdéngs krut hie kuerz dorop Gesellschaft vum Mohoric a vum Lutsenko.

Am Peloton huet Sky weider op den Tempo gedréckt. De Virsprong vum Spëtzegrupp war tëschenzäitlech op ënner 4 Minutten erofgaangen, ma 30 Kilometer viru Schluss war deen nees ugewuess op iwwer 5 an hallef Minutt. Dëse Virsprong ass och nach weider ugewuess op iwwer 7 Minutten. Esou ass d'Equipe Sky natierlech der Gefor, dass de Chris Froome de Leadermaillot duerch Bonifikatioune verléiert, aus dem Wee gaangen.

De Mohorovic konnt d'Tempo vum Lutsenko an Haller net méi matgoen an huet misse lass loossen. Nämmlecht ass et dem Haller ronn 3 Kilometer viru Schluss gaangen. Elo war de Lutsenko eleng ënnerwee. Hie sollt bis op d'Ligne d'Arrivée net méi ageholl ginn a wënnt esou en solitaire déi 5. Etapp vun der Vuelta virum Kudus vun der Equipe Dimension Data.

Aus dem Peloton eraus ware véier Leit erausgefuer a sinn zesummen op der Arrivée ukomm, dat waren den Alberto Contador, de Chris Froome, den Esteban Chaves an de Michael Woods. Déi aner Favoritte verléieren all tëscht 8 an 20 Sekonnen op de Leader Chris Froome.

Klassement vun der 3. Etapp
1
  LUTSENKO Alexey ASTANA PRO TEAM 4h 24' 58''
2
  KUDUS Merhawi TEAM DIMENSION DATA + 00' 42''
3
  SOLER GIMENEZ Marc MOVISTAR TEAM + 00' 56''
4
  MOHORIC Matej UAE TEAM EMIRATES + 01' 11''
5
  GOUGEARD Alexis AG2R LA MONDIALE + 01' 24''
6
  HALLER Marco TEAM KATUSHA ALPECIN + 01' 37''
7
  ALAPHILIPPE Julian QUICK - STEP FLOORS + 01' 40''
8
  BOL Jetse MANZANA POSTOBON TEAM + 02' 04''
9
  MAMYKIN Matvey TEAM KATUSHA ALPECIN + 02' 18''
10
  MAISON Jérémy FDJ + 02' 31''
11
  KREDER Michel AQUA BLUE SPORT + 03' 20''
12
  VILLELLA Davide CANNONDALE DRAPAC + 04' 00''
13
  CONTADOR Alberto TREK - SEGAFREDO + 04' 31''
14
  FROOME Christopher TEAM SKY + 04' 31''
15
  WOODS Michael CANNONDALE DRAPAC + 04' 31''
16
  CHAVES Johan Esteban ORICA - SCOTT + 04' 31''
17
  VAN GARDEREN Tejay BMC RACING TEAM + 04' 39''
18
  YATES Adam ORICA - SCOTT + 04' 42''
19
  ROCHE Nicolas BMC RACING TEAM + 04' 42''
20
  ARU Fabio ASTANA PRO TEAM + 04' 42''


Generalklassement no der 3. Etapp
1   FROOME Christopher TEAM SKY 18h 07' 10''
2
  VAN GARDEREN Tejay BMC RACING TEAM + 00' 10''
3
  CHAVES Johan Esteban ORICA - SCOTT + 00' 11''
4
  ROCHE Nicolas BMC RACING TEAM + 00' 13''
5
  DE LA CRUZ MELGAREJO David QUICK - STEP FLOORS + 00' 23''
6
  NIBALI Vincenzo BAHRAIN - MERIDA + 00' 36''
7
  ARU Fabio ASTANA PRO TEAM + 00' 49''
8
  YATES Adam ORICA - SCOTT + 00' 50''
9
  YATES Simon ORICA - SCOTT + 01' 09''
10
  WOODS Michael CANNONDALE DRAPAC + 01' 13''
11
  KELDERMAN Wilco TEAM SUNWEB + 01' 28''
12
  BARDET Romain AG2R LA MONDIALE + 01' 37''
13
  ZAKARIN Ilnur TEAM KATUSHA ALPECIN + 01' 40''
14
  BARGUIL WARREN TEAM SUNWEB + 01' 43''
15
  OOMEN Sam TEAM SUNWEB + 01' 53''
16
  BETANCUR Carlos Alberto MOVISTAR TEAM + 01' 56''
17
  ANTON Igor TEAM DIMENSION DATA + 02' 09''
18
  HAIG Jack ORICA - SCOTT + 02' 19''
19
  POELS Wouter TEAM SKY + 02' 23''
20
  BOL Jetse MANZANA POSTOBON TEAM + 02' 29''


© afp


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.