Etappecourse an IrlandElise Maes gëtt um Enn déi gutt 9.

No hirer uerger Chute am Juli bei enger Course an Tschechien, wou sech d'Elise Maes d'Hand gebrach huet, war si dës Woch nees am Asaz.

D'Elise Maes beim Zäitfuere vum Lëtzebuerger Championnat am Juli.© pressphoto (Archiv)

Bei der Etappecourse Ras na mBan an Irland kënnt d'Elise Maes no 6 Etappen op déi gutt 9. Plaz am General ginn. Gewonne gouf d'Course vun der Britin Elinor Barker, si huet op der Pist schonn zwou Goldmedailen op Olympesche Spiller gewonnen. D'Elise Maes hat ee Retard vun 2 Minutten an 33 Sekonnen op d'Gewënnerin.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.