Cyclissem-WMTom Wirtgen verpasst Medail bei den Espoire ganz knapp

Op der WM zu Bergen an Norwegen koum de Lëtzebuerger am Zäitfueren op déi 4. Plaz. D'Anne-Sophie Harsch kënnt bei de Juniorinnen op déi 12. Plaz.

D'Lëtzebuergerin hat no 16 Kilometer e Retard vun 1 Minutt a 40 Sekonnen op déi nei Weltmeeschterin d'Italienerin Elena Pirrone. 45 Cyclistinne waren um Depart.

Um Méindeg am Nomëtteg war dunn d'Zäitfuere vun den Espoiren. Mam Kevin Geniets an Tom Wirtgen waren hei zwee Lëtzebuerger um Depart. Ze fuere ware 37 Kilometer.

Cyclissem-WM: U23-Zäitfuere mat zwee Lëtzebuerger (18.09.2017)
Bei den Espoire waren de Kevin Geniets an den Tom Wirtgen um Depart vun de 37 Kilometer. - Onkommentéiert Biller.


Um Enn verpasst den Tom Wirtgen eng Medail nëmme ganz knapp. De Lëtzebuerger kënnt um Enn op déi ganz gutt 4. Plaz a verpasst Bronz ëm knapp 1,5 Sekonnen.

De Kevin Geniets gëtt 32. op 3 Minutten an 29 Sekonnen.

Neie Weltmeeschter gëtt de Mikkel Bjerg aus Dänemark.



D'Anne-Sophie Harsch© Pressphoto.rtl.lu / ARCHIV


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.