LIVE Cyclissem-WM um 15 AuerDe Bob Jungels start um 16.53 Auer am Zäitfueren

De Bob Jungels ass um Mëttwoch op der WM am Cyclissem zu Bergen an Norwegen am Zäitfuere bei den Hären am Asaz. RTL Télé Lëtzebuerg iwwerdréit live.

© AFP
De Parcours ass 31 Kilometer laang. D'Course fänkt um 13 Auer un. De Bob Jungels geet um 16.53 Auer un den Depart.

Op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu gëtt d'Zäitfuere vu 15 Auer u live iwwerdroen.

E Freideg ass d'Course en Ligne bei den Dammen. Fir Lëtzebuerg ass d'Anne Sophie Harsch um Depart. A bei der Course en Ligne bei den Espoiren sinn den Tom Wirtgen, de Kevin Geniets an de Pit Leyder am Asaz.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.