Transfert perfektTom Wirtgen wiesselt bei AGO-Aqua Service

Den 21 Joer ale Lëtzebuerger fiert déi nächst Saison net méi fir Leopard, ma fir d' Continental-Equipe AGO-Aqua Service.

© Leopard Pro Cycling
AGO-Aqua Service ass d'Nowuessequipe vun der Equipe WB Veranclassic Aqua Protect, wou de Lëtzebuerger Alex Kirsch ënner Kontrakt steet. De Lëtzebuerger Espoir war eréischt viru kuerzem bei de Weltmeeschterschaften zu Bergen an Norwegen de 4. am Zäitfuere bei den Espoirs ginn. Do hat hien d'Bronzemedail ëm eng Sekonn ganz knapp verpasst.

© Leopard Pro Cycling


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.