CyclissemDrucker gëtt de 5. bei Course an der Belsch

Um Sonndeg war déi 77. Editioun vum Tour de l'Eurométropole an der Belsch, dat mat Lëtzebuerger Participatioun.

© pressphoto
De Jempy Drucker war hei un den Depart gaangen a koum um Enn an der nämmlechter Zäit ewéi de Vainqueur Daniel Mclay aus Groussbritannien an d'Zil a gëtt de 5.. De Brit wënnt um Enn am Sprint virum Kenny Dehaes an dem Anthony Turgis. Den zweete Lëtzebuerger, den Alex Kirsch kënnt op déi 18. Plaz.

De Luis Leon Sanchez konnt déi 22. Editioun vum Gran Premio Bruno Beghelli fir sech entscheeden. De Spuenier wënnt mat 6 Sekonnen Avance op den Italiener Sonny Colbrelli. Drëtte gëtt dem Colbrelli säi Landsmann, den Elia Viviani. De Ben Gastauer kënnt hei op déi 120. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten an 33 Sekonnen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.