CyclissemAlex Kirsch op Plaz 9 beim Binche-Chimay-Binche

Bei Binche-Chimay-Binche am Cyclissem gouf den Alex Kirsch en Dënschdeg deen Néngten.

© Pressphoto / Archivbild
Hien hat ee Retard vun 1 Minutt 42 op de Gewënner Jasper De Buyst. Et goung iwwer 195,2 Kilometer. Den Tom Wirtgen ass op déi 46. Plaz gefuer mat engem Retard vun 3 Minutten 33. De Gaëtan Pons gouf den 72. an de Kevin Geniets de 74. De Luc Wirtgen hat opginn.

De Laurent Didier war en Dënschdeg bei der 97. Editioun vum Tre Valli Varesine an Italien am Asaz. Och hien huet opginn.