Vu BMC entloossSamuel Sanchez och a B-Prouf positiv op Doping getest

Den Olympia-Gewënner am Cyclissem, Samuel Sanchez ass och an der B-Prouf positiv op Doping getest ginn.

© AFP

De Samuel Sanchez gouf och direkt vun senger Equippe BMC entlooss.

De 39 Joer ale Spuenier, deen zu Peking d'Goldmedaile gewonnen huet, war den 9. August scho positiv op en Wuesstemshormon getest ginn.