Tour de LombardieNibali wënnt en solitaire virum Alaphilippe

Um Samschdeg war déi 111. Editioun vum Tour de Lombardie. Um Depart ware mam Bob Jungels a Laurent Didier, zwee Lëtzebuerger.

© afp
De Bob Jungels war fir d'Equipe Quick Step Floors um Depart. Och mat dobäi de Laurent Didier vun der Equipe Trek Segafredo.




Net esou schéi Biller hu mir gesinn ewéi de Laurens de Plus, deen an der Verfolgung vum Féierende Michael Chérel war, iwwer d'Leitplanken erof an de Bësch geflunn ass. De Belsch an Teamkolleg vum Lëtzebuerger Bob Jungels hat an enger Descente d'Kontroll vum Vëlo verluer. Ewéi et vun der Belscher Equipe Quick Step Floors heescht, soll de belsche Coureur awer keng schlëmmer Blessuren hunn, ass awer zur Kontroll an d'Spidol.




De Michael Chérel sollt et awer och net bis op d'Ligne d'Arrivée packen. An der Schlussphas konnt den Nibali sech an enger Descente ofsetzen. Hie gouf verfollegt vum Fransous Pinot. Den Italiener huet alles ginn a sollt net méi ageholl ginn. Hie wënnt um Enn en solitaire virum Julian Alaphilippe aus Frankräich. De Podium gëtt komplettéiert vum Gianni Moscon.




De Bob Jungels an de Laurent Didier sinn d'Course net fäerdeg gefuer.

D'Top 10



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.