VIDEOAlex Kirsch bléckt op eng gutt Saison zeréck

D'Vëlossaison 2017 geet lues a lues op en Enn an eis Lëtzebuerger Profie kréien hir wuel verdéngte Paus, och den Alex Kirsch.

Alex Kirsch bléckt op eng gutt Saison zeréck (12.10.2017)
D'Vëlossaison 2017 geet lues a lues op en Enn an eis Lëtzebuerger Profie kréien hir wuel verdéngte Paus, och den Alex Kirsch.
Et war den 1. Mäerz beim Grand Prix Samyn an der Belge wou de 25 Joer jonke Coureur vu Wallonie-Bruxelles ëm en Hoer seng éischte Victoire als Profi hätt kënne feieren.

No 202 Kilometer bei Reen a Stuerm huet deen 1.94 Meter groussen a 75 Kilo schwéieren Athlet nëmmen dem Guillaume van Keirsbulck de Virtrëtt misse loossen. Dëst excellent Resultat war den Déclic fir de Rescht vun der Saison.

D'Formatioun vu Wallonie-Bruxelles ass eng Pro Conti-Equipe, sou ze soe vun der 2. Kategorie, kritt awer ëmmer erëm d'Méiglechkeet sech matt de World Tour-Formatiounen ze moossen. Dat war zum Beispill beim Tour duerch Lëtzebuerg de Fall. Hei huet sech den Alex Kirsch op der leschter Etappe, de Pabeierbierg erop, nëmmen dem Greg Van Avermaet misse geschloe ginn. Als 2. vum Lëtzebuerger Championnat hannert dem Bob Jungels a weidere gudde Klassementer stoung am September dann d'Weltmeeschterschaft um Programm. Den Alex Kirsch war hei wuel als Support fir Drucker a Jungels dobäi, awer och fir wichteg Erfahrunge fir déi nächst Joeren ze sammelen.

Och fir 2018 huet den explosive Coureur sech seng Zieler gesat. De Fokus vum Lëtzebuerger läit bei de groussen Tier an de Klassiker. En Zil ass et och eng Victoire ze feieren, dat wär déi 1. a senger Proficarrière.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.