VIDEO: Red Rock ChallengeMam Mountainbike duerch de Minett

Net manner ewéi 900 Coureuren haten sech e Sonndeg de Moien um Belval afonnt, fir beim Red Rock Challenge matzemaachen.

Red Rock Challenge (15.10.2017)
D’Zil vum Red Rock Challenge ass et mam Mountainbike, de Minett vun enger aanerer Säit kënnenzeléieren, esou ewei Sport a Kultur mateneen ze verbannen.

Déi 900 Participanten sinn dann och voll op hier Käschten komm.

Mam Mountainbike goung et queesch duerch de Minett. Vun Esch-Belval erfort, goung et iwwert Rëmeleng an Diddeleng erëm zeréck op Esch. Op Singles-Trail oder gëfteg Montéeën, fir jiddereen war eppes dobäi.

D’Organisateure bedaueren awer, datt eng Rëtsch Signalisatioun-Panneau’en op der Streck an de leschten Deeg vun Onbekannten erofgerappt goufen.

E Phenomen, mat deem leider ëmmer méi Organisatiounen vu Cyclosportiven konfrontéiert sinn...

Am Kader vum Red Rock Challenge war e Sonndeg och e Cross-Duathlon.

RTL-NEWS: Red Rock Challenge: Cross-Duathlon: Nathalie Lamborelle a Jerome Ewen kommen op d'Plazen 2 an 3