Radio Sport-Club vum 20. OktoberElise Maes

Lëtzebuerg huet an de leschte Jore schéi Säiten am Cyclissem geschriwwen, och bei den Dammen.

Radio Sport-Club: Elise Maes (20.10.2017)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Nieft dem Christine Majerus gehéiert och d'Elise Maes zu de Beschten am Land. Déi fréier Triathletin ass viru 4 Joer bei de Cyclissem gewiesselt an huet sech vu Joer zu Joer verbessert. D'Elise Maes huet ee grousst d'Zil virun Aen. An dat sinn déi olympesch Summerspiller 2020 zu Tokyo a Japan.
Wéi realistesch d'Chancë sinn, derbäi ze sinn, doriwwer hu mir ënnert anerem mat der 25 Joer aler Sportlerin am Radio Sport-Club geschwat.

De Radio Sport-Club mam Elise Maes



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.