Cyclocross-EMFelix Schreiber bei den Espoiren den 33.

Zu Tabor an Tschechien ass de Weekend d'Europameeschterschaft am Cyclocross.

© pressphoto (Archiv)
Bei den Espoiren kënnt de Felix Schreiber op déi 33. Plaz, dat mat engem Réckstand vu 4 Minutten a 54 Sekonnen op den Europameeschter Eli Iserbyt aus der Belsch.

Den Nicolas Kess am Asaz beim internationale Cyclocross zu Conter.


Bei de Junioren ass den Nicolas Kess op déi 23. Plaz gefuer. De Lëtzebuerger hat e Retard vun 2 Minutten an 21 Sekonnen op den neien Europameeschter Loris Rouiller aus der Schwäiz.
De Cédric Pries gëtt de 36. op 2 Minutten a 57 Sekonnen an de Jang Leyder klasséiert sech als 50. op 4 Minutten a 46 Sekonnen.

De Vincent Dias do Santos konnt aus gesondheetleche Grënn net un den Depart goen. Den Europameeschtertitel huet sech den Hollänner Mathieu van der Poel geséchert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.