Déi nei Saison kënnt ëmmer méi noA wéi engen Trikote fueren d'Lëtzebuerger an Zukunft!

Nieft Quick-Step vum Bob Jungels hunn och d'Equipe vum Ben Gastauer, AG2R La Mondiale, a BMC vum Jempy Drucker hiren neien Trikot presentéiert.

De Lëtzebuerger Bob Jungels huet sech iwwer Twitter nach eng leschte Kéier am ale Maillot gewisen.




Dat well d'Equipe Quick-Step elo den neien Trikot virgestallt huet.






Den Trikot vun der Equipe, wou de Lëtzebuerger Ben Gastauer engagéiert ass, huet weiderhin déi nämmlecht Faarwen, ma den Design ass een Aneren. Den Trikot ass an Italien hiergestallt ginn.






Och d'Equipe vum Jempy Drucker, BMC, huet hiren neie Maillot virgestallt.



Ma och aner Equippen hu sech fir déi nei Saison a Saachen Textilien eppes Neies ausgeduecht. Bei der Equipe Katusha-Alpecin besteet den Trikot elo aus de Faarwe Blo a Rout. Am Beräich vun de Schëlleren ass den Trikot fir d'Saison 2018 net méi Wäiss, mä Hellblo. Vun der Broscht u bleift alles beim Alen. Den Trikot ass do weiderhi Rout.



Och bei der Equipe Movistar huet sech den Trikot verännert. Hiren neie Maillot ass Hellblo mat engem wäissen M op der Broscht. D'Equippepresentatioun ass de 14. Dezember zu Madrid, wou dann och den neien Trikot offiziell virgestallt gëtt.




Och d'Equipe vum Tour- a Vuelta-Gewënner Chris Froome huet schonns een neie Maillot virgestallt. Hei muss ee sech och emol dru winnen, well de Maillot vun der britescher Equipe Sky ass net méi schwaarz, mee wäiss.




Den Trikot vun der Equipe Lotto Soudal bleift praktesch identesch. D'Equipe Dimension Data wiessel vu schwaarz op wäiss. D'Equipe Cannondale Drapac huet sech allerdéngs eppes ganz Neies afale gelooss. Hire Maillot ass vun nächster Saison un, net méi gréng, ma en ass rosa mat wäiss.

D'Equipe Bora-hansgrohe huet um Freideg och den neien Trikot an déi nei Equipe virgestallt, dat ugefouert vum dräifache Weltmeeschter Peter Sagan.




Bei der Equipe FDJ mam Thibaut Pinot an dem franséische Champion Arnaud Démare gëtt et och ee Changement. Groupama verstäerkt d'Equipe als Sponsor a vun 2018 un heescht d'Equipe Groupama-FDJ. Den neie Sponsor soll sech op d'mannst fir 3 Joer engagéieren. Dem Marc Madiot no soll de Budget vun der Equipe ëm 30% an d'Luucht goen an domat iwwerhuele si de franséische Konkurrent AG2R La Mondiale.

© afp


Bei den Dammen huet d'Equipe Boels Dolmans och den neien Trikot presentéiert. D'Equipe vum Christine Majerus ass och 2018 nees an Orange ënnerwee.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.