CyclocrossLex Reichling gewënnt virum Vincent Dias dos Santos

Am Géigesaz zu deene meeschten anere Sportaarten hei am Land gouf de Cyclocross am Préizerdaul e Sonndeg gefuer.

Cyclocross: Lex Reichling wënnt virum V. Dias dos Santos (10.12.2017)
Am Géigesaz zu deene meeschten anere Sportaarten hei am Land gouf de Cyclocross am Préizerdaul e Sonndeg gefuer.
Bei der Elite gouf et eng Victoire fir de Lex Reichling vum Tooltime Préizerdaul. Hien hat eng Avance vu ronn 20 Sekonnen op den 2. de Vincent Dias dos Santos. Déi 3. Plaz ass fir den Espoir Felix Schreiber. 4. gëtt de Lëtzebuerger Champion Scott Thiltges.

De Nicolas Kess kann an der Classe vun de Junioren virum Loïc Bettendorf a Jang Leyder gewannen. Déi Bescht bei den Damme gëtt d'Nathalie Lamborelle.

Bei den Debutantë ka sech de Belsch William Lecerf virum Fransous Tom Paquet an dem Philipp Reuter, domadder beschte Lëtzebuerger, duerchsetzen. Bescht Meedche gëtt d'Marie Schreiber.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.