VIDEO: Portrait Felix SchreiberJonke Lëtzebuerger mëscht Elite am Cyclocross op

Schonn dräi Mol konnt de jonke Lëtzebuerger dës Saison als 1. iwwer de wäisse Stréch fueren, dat a senger éischter Saison bei der Elite.

Portrait Felix Schreiber (06.01.2018)
Schonn dräi Mol konnt de jonke Lëtzebuerger dës Saison als 1. iwwer de wäisse Stréch fueren, dat a senger éischter Saison bei der Elite.
Am Cyclocross ass de Felix Schreiber amgaangen, d'Elite opzemëschen. D'lescht Joer nach Junior, ass deen 18 Joer alen Schüler aus dem Sportlycée des Saison als Espoir bei der Elite schonn 3 Mol als 1. iwwer dee wäisse Stréch gefuer: zu Dippech, Rëmeleng an Zéisseng.



D'lescht Joer gouf de Felix Schreiber um Cyclocross-Championnat bei de Junioren deen Drëtten. Dëst Joer wëll hien an enger Woch zu Kayl bei der Elite mat um Podium stoen, a wa méiglech ganz uewen. De Tom Flammang huet sech den Espoir mat Ambitioune méi genau ugekuckt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.