VIDEO: Mountainbike-SpezialistDen neie Cyclocross-Champion Søren Nissen am Portrait

Am Joer 2006 ass de Søren Nissen op Lëtzebuerg komm, hie wollt wéi esou vill aner Cycliste Profi op der Strooss ginn an domatt säi Brout verdéngen.

Den neie Cyclocross-Champion Søren Nissen am Portrait (17.01.2018)
Am Joer 2006 ass de Søren Nissen op Lëtzebuerg komm, hien wollt wéi esou vill aner Cycliste Profi op der Strooss ginn an domatt säi Brout verdéngen.
Haut ass de Søren Nissen awer am Mountainbike-Sport ukomm, méi genee geholl dem Marathon, an zielt do weltwäit zu deene Beschten.

De Søren Nissen ass säin eegene Manager, sicht sech Sponsoren an organiséiert säi Courseprogramm. Zanter kuerzem huet den 33 Joer ale Coureur déi Lëtzebuerger Nationalitéit an huet bei de Spiller vun de klenge Länner 2017 am MTB Gold gewonnen, dat war am Cross-Country, de Marathon verlaangt awer aner Qualitéiten an en aneren Training. An der Woch kommen do tëscht 30 a 40 Stonnen zesummen. Virun allem am Wanter ass et wichteg, déi néideg Kilometer, fir duerch de Summer ze kommen, ze sammelen.

© RTL Télé Lëtzebuerg


Bis an den November d'lescht Joer huet deem néie Lëtzebuerger Champion am Cyclocross seng MTB-Saison gedauert, déi nei fänkt déi nächst Woch mat enger Etappecourse zu Lanzarote un. Am Abrëll sti mat der Roc d'ardennes, dee schonn 3 Mol am Palmarès vum sympatheschen Coureur steet, an der Europameeschterschaft an Italien wichteg Rendez-vousen um Programm. Den Héichpunkt soll awer méi spéit kommen. De Søren Nissen wëllt sech op déi extrem Disziplin "Gravel Racing" konzentréieren, wou en d'Weltmeeschterschaft an den USA wëllt attackéieren a fir mat dobäi wëllt sinn. De Lëtzebuerger schätzt seng Chancen op eng Medail gutt an.  

Och wann de Søren Nissen momentan deen eenzege Lëtzebuerger am Marathon-Weltcup ass, sou kéint hie sech virstellen anerer dozou ze motivéieren a seng Erfahrunge weider ze ginn.

© RTL Télé Lëtzebuerg


RTL-NEWS: Fotoen a Videoen: Cyclocross: Titele fir Søren Nissen a Christine Majerus

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.